Männer, déi eleng Asyl ufroen, mussen net a Flüchtlingsstruktur gelooss ginn

D’Verwaltungsgeriicht huet eng Decisioun vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn aus dem Joer 2023 confirméiert.
« Mir sinn enttäuscht iwwert d’Decisioun vum Verwaltungsgeriicht, mä mir ginn net op« , seet d’Marion Dubois, Directrice vun der ASBL Passerell, déi sech fir d’Rechter vu Refugiéen asetzt. Hannergrond ass d’Decisioun aus dem Joer 2023 vum deemolegen Ausseminister Jean Asselborn, datt Männer, déi eleng op Lëtzebuerg kommen an eng Demande op Asyl maachen, net méi an Flüchtlingsstrukturen eragelooss ginn.
Am November 2023 huet e Kollektiv vu Lëtzebuerger Associatiounen de Staat wéinst där Decisioun op d’Geriicht geholl. Dorënner och Passerell. Annerhalleft Joer huet et gedauert an den 14. Juli krute se schlussendlech d’Decisioun, wéi d’Marion Dubois erkläert.
« On s ‘attendait un petit peu à cette décision, elle est négative. Alors le tribunal nous a débouté de notre demande sur une question de recevabilité qui, donc le tribunal ne nie pas la réalité des faits, mais ne se penche pas sur le fond de l ‘affaire. Elle nous déboute plutôt sur une question de forme et de procédures. »
Allerdéngs betount d’Marion Duboi, datt nëmmen véier Deeg no hirem Jugement en eenzelen Asyldemandeur, deen och Recours gemaach hat, Recht krut
« On a eu quelques jugements qui allaient dans le sens des personnes qui disaient que l ‘État avait une obligation légale de leur fournir une place en structure d’hébergement dès leur arrivée et le dépôt de leur demande d’asile au Luxembourg. »
Mä dat wieren eben just Eenzelfäll, esou d’Directrice vun Passerell. »L’objectif d’une action collective en justice, c ‘est de pouvoir aider les personnes qui n ‘ont pas les moyens, les connaissances pour agir en justice. »
Dofir geet een och elo an Appell géint d’Decisioun vum Verwaltungsgeriicht. D’Marion Dubois huet dann och nach ënnerstrach, datt sech un der Situatioun net wierklech eppes geännert hätt, nach ëmmer vill Männer op Waardelëschte stinn. An huet dofir och d’Fro opgeworf, wéi eng Efforten d’Autoritéiten am leschtem annerhallwem Joer iwwerhaapt gemaach hunn, fir datt sech konkret eppes ännert.