D’Politiker waren do, fir sech d’Konditiounen unzekucken, an deenen d’Demandeurs fir international Protektioun liewen. D’Deputéiert waren zu Miersch, zu Käerjeng an zu Zolwer. D’Bewunner vun de Strukture bekloen an oppene Bréiwer, datt d’Liewenskonditioune ganz schlecht sinn: Infrastruktur, déi knaschteg an erofkomm ass. Ze wéineg Iessen, an dat vu schlechter Qualitéit.
De Serge Kollwelter, deen am Kontakt mat de Flüchtlingen ass, kritiséiert an deem Kontext, datt d’ITM an Zukunft d’Responsabilitéit fir d’Kontrolle vun de Flüchtlingsheemer soll ewechgeholl kréien. Dat, well se aus der Lëscht vun den Etablissments classés eraus geholl ginn, déi duerch d’ITM kontrolléiert ginn. “An domadder huet dann den Office national d’Acceuil [Ona] de Privileeg, sech selwer ze iwwerwaachen. Et wär, wéi wann eng Firma wéi Monsanto net méi géif de Bedéngunge vun dem Établissement classés entspriechen, mee si wär nach just selwer zoustänneg, fir ze iwwerwaachen, ob d’Konditiounen hirer Meenung no gutt wären”, erkläert de Serge Kollwelter.
Zu Zolwer, op der leschter Statioun vun der Visitt, wunnen ënnert anerem 30 eritreeësch Fraen an engem Dortoir. D’Marianne Donven, déi sech zanter Jore fir Flüchtlingen asetzt, ass mat de Fraen a Kontakt. Si hunn hir Videoe vun den Zoustänn an der Struktur geschéckt. Déi weisen, wéi si seet: “datt dat Zëmmer ganz verschimmelt ass. A si leien do a Better iwwerteneen. Wat fir si och kulturell ganz schwéier ze akzeptéieren ass. Si hunn am Fong guer keng Privatsphär, liewen do op enkstem Raum. Si fanne sech och als Eritreeër diskriminéiert par Rapport zu all deenen anere Refugiéen. Well esou gëtt mat deenen aneren net verfuer. Dat fanne si am Fong erschreckend, firwat nëmme si esou behandelt ginn.”
D’Frae sollten aus dem Zëmmer eraus, ier d’Deputéiert op Besuch komm sinn. Mee d’Marianne Donven seet: “Si hu sech awer do gewiert. Si bleiwen elo bis emol de Mëtten an deem Zëmmer dran. Well si géifen hinnen dat och gäre weisen.”
Ma wou et dono genee higeet, wësse si nach net. An eng Sportshal oder a Gemeinschaftsraim. D’Situatioun wier ganz schwéier, hunn d’Fraen op der Plaz erzielt. Si fäerten dono a Raim ze sinn, wou keng Fënstere sinn, respektiv, déi mat Spärholz zou gemaach sinn. Si hunn den Deputéierten hiren Dortoir gewisen, mee duerfte wärend der Visitt net all mat hinne schwätzen, wéi si dono erzielt hunn. Ma, well an deene leschten Deeg immens Efforte gemaach goufen, fir ze botzen, sot eng vun hinnen, et wier gutt wann d’Deputéierte méi oft géinge kommen.
Gebai vun der ONA zu Käerjeng. © Jeannot Ries
Gebai vun der ONA zu Zolwer. © Jeannot Ries
Gebai vun der ONA zu Zolwer. © Jeannot Ries
Déi zoustänneg Chamberkommissioun war e Méindeg de Moie mam Familljeminister Max Hahn op Visitt a verschiddenen Flüchtlingsstrukturen.
© Jeannot Ries
Déi zoustänneg Chamberkommissioun war e Méindeg de Moie mam Familljeminister Max Hahn op Visitt a verschiddenen Flüchtlingsstrukturen.
Déi zoustänneg Chamberkommissioun war e Méindeg de Moie mam Familljeminister Max Hahn op Visitt a verschiddenen Flüchtlingsstrukturen.
Déi zoustänneg Chamberkommissioun war e Méindeg de Moie mam Familljeminister Max Hahn op Visitt a verschiddenen Flüchtlingsstrukturen.
Konklusioune vun de Deputéierten nawell ganz ënnerschiddlech
Datt virun der Visite vun den Deputéierte gebotzt gouf, gesäit een op Videoen, déi vun de Bewunner an den Heemer gefilmt goufen. D’Press léisst den ONA zanter laangem net méi an d’Strukturen eran. Journaliste kënne sech also keen eegent Bild maachen. Eng entspriechend Demande vun eiser Redaktioun am Viraus war vum ONA refuséiert ginn.
Ma datt virun allem och zu Miersch extra gutt virun der Visitt gebotzt gouf, kruten d’Deputéiert confirméiert. Mee de Marc Baum vun déi Lénk sot: “Souguer dat wat mer do gesinn hunn, huet éischter engem Prisong geglach, wéi enger Struktur fir Leit, déi geflücht sinn.”
Am Dortoir, an deem 30 eritreeësch Frae schlofen, sollen elo Cloisonen agezu ginn, “wat d’Situatioun iwwerhaapt net verbessert. Deelweis ouni Dagesliicht musse bis zu sechs Leit op enkstem Raum op e puer Quadratmeter zesumme wunnen. Dat ass eng Situatioun, déi awer fir dat räichste Land vun der Welt intenabel ass, wéi mir mat anere Mënschen ëmginn”, esou nach de Marc Baum. Vum Minister Max Hahn wier hien enttäuscht. Well e kee Plang, keng Strategie hätt, fir d’Situatioun ze léisen.
De Minister Hahn selwer konnten d’Journalisten dat net froen. Seng Bodyguards hunn d’Afaart fräigehalen, fir datt hie mam Auto laanscht Bewunner an d’Press konnt fueren, ouni e Wuert missen ze soen. Dofir huet d’DP-Presidentin vun der Familljekommissioun a senger Plaz virun de Journaliste geruddert, fir Äntwerten ze ginn. “Natierlech fannen ech et wichteg, dass d’Press d’Realitéit och gesäit, datt d’Leit d’Realitéit och gesinn, dofir si mir och do, fir driwwer ze schwätzen. Mir hunn eis dat haut fir d’éischte Kéier konnten ukucken, déi Strukturen”, esou d’Mandy Minella. “Ech muss awer soen, datt d’Hygiène garantéiert ass an allen dräi Strukturen.”
Ma well den Immigratiouns- a Flüchtlingsdossier eng waarm Gromper ass, déi sech d’Parteie weider ginn, war och d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt e bëssen an Erklärungsnout. “Ech denken, de Jean Asselborn huet wierklech säi Bescht ginn, mir wëssen datt virun zéng Joer eng Multi-Crise war, et si ganz vill Strukturen, déi hätte sollten an der Urgence bleiwen, wat awer elo net passéiert ass.” Si fënnt et wichteg, d’Gemengen an d’Responsabilitéit ze huelen, datt déi méi Strukture bei sech akzeptéieren. Bis elo ass dat fräiwëlleg, et gëtt keng obligatoresch Verdeelungsquote. Den Inneministère ass an CSV-Hand. Hir Deputéiert Nathalie Morgenthaler sot no der Visitt: “Wa mer gesinn, datt et net weidergeet op fräiwëlleger Basis, da muss ee schonn aner Iwwerleeunge mat an d’Feld zéien, fir se vläicht méi op dee Wee do ze kréien.”
Wéi laang kuckt een dann nach, ob et fräiwëlleg virugeet? Nach mol d’Nathalie Morenthaler: “Wa mer gesinn, a wéi enger Krisesituatioun mer sinn, wou nach ëmmer vill Flüchtlinge kommen, da wéilt ech perséinlech net ze laang nokucken.” De Vertrieder vun der ADR an der Familljekommissioun, den Dan Hardy, war net mat op d’Visitt.
Obligatoresch Verdeelungsquot fir d’Gemengen
No der Visitt vun de Foyeren hunn déi Gréng am Nomëtteg virun der Struktur fir de Primo Accueil “Tony Rollmann” um Kierchbierg hir Revendicatioune géintiwwer der Presse virgestallt. D’Deputéiert Djuna Bernard a Meris Sehovic fuerderen eng obligatoresch Verdeelungsquot, fir dass d’Responsabilitéit fir Leit opzehuele gerecht ka verdeelt ginn. Den Ament géing een nämlech der Situatioun nëmmen nolafen, ouni Perspektiv fir d’Zukunft. “Et gëtt gekuckt, wéi vill Leit dass de ophëls par rapport zu denger Awunnerzuel, par rapport zum Gemengebudget, par rapport zum Indice socio-économique an natierlech par rapport zu anere sozialen Infrastrukturen”, sot d’Djuna Bernard. Doranner sollten d’Gemengen da begleet ginn an et misst gekuckt ginn, ob d’Gemeng selwer oder de Staat eventuell Terrainen hunn, wou esou Foyere kéinten entstoen. Déi Gréng fuerderen, dass konkret Iddien dofir ausgeschafft ginn, well de Bau vun esou Strukture jo och Zäit brauch. D’Djuna Bernard kritiséiert d’Approche vum Familljeminister Max Hahn, deen eng verbindlech Quot ausschléisst an éischter op d’Fräiwëllegkeet vun de Gemenge wëll setzen. Dat hätt hien och e Méindeg no der Visitt an de Foyeren widderholl. Mat dëser Approche géing een awer elo gesinn, dass een net wäit kënnt, esou nach d’Djuna Bernard, mat Bléck op d’Situatioun, wéi se grad ass.
Doriwwer eraus huet de gréngen Deputéierte Meris Sehovic kritiséiert, dass d’Regierung den Asyl- a Migratiounspak vun der Europäescher Unioun méi streng interpretéiert wéi aner Länner. Bis Mëtt dëst Joer muss dat nationaalt Gesetz harmoniséiert ginn an an deem Kader hätt Lëtzebuerg Ännerunge virgeholl, déi eng Verschlechterung fir d’Refugiéen hei am Land bedeiten, obwuel déi aktuell Gesetzer am Fong schonn der EU-Direktive Rechnung droen. Ee Beispill ass den Droit de Recours, deen elo op 20 Deeg soll gekierzt ginn, bis ewell läit e bei engem Mount. Op EU-Niveau heescht et, dass den Droit de Recours tëscht 2 bis 4 Wochen nom Refus soll méiglech sinn. Eng Ännerung wier also net néideg gewiescht, esou de Meris Sehovic. Hien nennt och nach déi nei “Screening-Prozedur”, déi virgesäit, dass an den éischten Deeg méi séier d’Personalien vun de Leit opgeholl ginn an ënnert anerem och e méiglechen Impakt op d’Sécherheet soll evaluéiert ginn. De Meris Sehovic erkläert, dass an der europäescher Gesetzgebung steet, dass d’Leit wärend där Prozedur mussen “à disposition” si vum Staat. “D’Lëtzebuerger Regierung huet aus deem “à disposition” en “en rétention” gemaach. Dat heescht, eigentlech verfale mer elo an eng Logik wou Mënschen, déi hei ukommen zu Lëtzebuerg, als alleréischt e repressive Kontakt wäerten hunn a wäerten am Centre de Filtrage agespaart ginn”, esou nach de Meris Sehovic. An dat wier ganz wäit ewech vun der Iddi vum Accueil.
Et géing éischter eng Symbolpolitik bedriwwe ginn, esou d’Analys vun déi Gréng, fir mat rietsen Tendenze matzegoen. Wat ee ferm bedauert.