QP : le devenir de la CUSS

Äntwert vun der Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet op d’parlamentaresch
Fro n° 2359 vum 22. Mee 2025 vun den honorabelen Deputéierten Här Claude Haagen an Här Mars
Di Bartolomeo.


1. Dofir géife mäer gären vun der Regierung wëssen, wat déi Auswäertung erginn huet?
De cahier de charges fir déi extern Evaluatioun vum Pilotprojet “Couverture universelle des soins de
santé” (CUSS), gouf 2024 opgestallt an d’Prozedur an an d’Weeër geleet. Well de geschätzte Betrag iwwer
dem ënneschte Schwellenwäert vum Marchésgesetz louch, huet missten eng Marchésprozedur lancéiert
ginn, bei där siwen Entitéiten ugeschriwwe gi sinn, fir eng Offer anzereechen. D’Auswäertung vun dësen
Offeren ass aktuell am Gaang.
Duerch dëse Retard ass elo virgesinn, datt d’Resultater am éischte Quartal 2026 virleie wäerten. De
Pilotprojet leeft an Tëschenzäit weider.
2. Wéiwäit si gegebenenfalls di Viraarbechte fortgeschratt, fir den universellen Accès zu eise
Gesondheetsservicer gesetzlech ze garantéieren?
Duerch de Retard bei der Prozedur kënnen d’Aarbechte fir d’Ausschaffe vum Gesetzesvirschlag eréischt
nom Ofschloss vun der externer Evaluatioun ulafen. Dëst huet awer keen Impakt op d’Weiderféiere vum
Pilotprojet.
Lëtzebuerg, den 24. Juni 2025
D’Ministesch fir Gesondheet
a sozial Sécherheet
(s.) Martine DeprezN°2359
Entrée le 24.06.2025
Chambre des Députés