Asyl an Immigration zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg, den 16. November 2023

Asyl an Immigration zu Lëtzebuerg

An engem Communiqué hëlt d’Partei ADR Stellung zu der Immigratiounspolitik an eisem Land. D’ASTI huet zu der Positioun an de Virschléi vun der ADR dat hei ze soen.

Fir unzefänken sollt een ophalen, wéi den ADR an aner politesch a Media-Acteuren et maachen, Asyl an Migratioun duerchernaner ze geheien. Déi zwee Domainer sinn ënnerschiddlech wat hire legaler Kader, d’Praktiken an d’Motivatiounen ugeet. De Communiqué schwätzt éischter vum Asyl wéi vun der Immigratioun.

Wann och d’Visoun an d’Approche vun der ADR an déi vun der ASTI verschidde sinn, a meeschtens souguer opposéiert, kënne mer d’accord mat engem Deel vun der Diagnos sinn. Leit déi en Antrag op internationale Schutz stellen ginn op d’Strooss geschéckt. Dat ass eng logesch Nowierkung vun  der messlongener Immigratiounspolitik vun der EU an zum Deel vun eiser Regierung. An dat net – wéi d’ADR et behaapt – wéinst  enger ze grousser Ouverture mee et ass den Echec vun der “Festung Europa” –  Politik a vun dem Manktem u Viraussiicht vun eisen eegenen Autoritéiten.

Fir d’ASTI sinn d’ Léisungsusät klor:

  • Opmaachen vu legalen Asyl Méiglechkeeten, sou dat d’Mënschen net méi hiert Liewe op de Migratiounsweeër ze riskéieren brauchen.
  • Schluss maache mam dem sougenannten Dublin-System an Akzeptatioun vun dem Prinzip dat d’Leit hir Demande am Land vun hiren Choix an net méi am Land vun hirer Arrivée maache kënnen.
  • Opmaache vu legalen Immigratiounsméiglechkeeten op Lëtzebuerg, sou dass d’Leit net méi eng Asyl-Demande maache mussen fir an enger regulärer Situatioun an Europa ze sinn.
  • Kreatioun, wéi versprach, vun enger “Maison Retour” fir d’Leit virzebereeden wann hier Demande ofgewise gëtt.
  • Schluss maache mat der Externalisatioun an der Asylpolitik vun der EU. D’Accorden mat der Türkei, mat Lybien a mat Tunesien sinn eng Verschwendung vu Steiergeld déi wéineg Impakt op d’Zuel vun de Leit déi an Europa kommen huet.
  • D’Kreatioun vun engem “Guichet unique” wéi et de Fall ass fir d’Leit aus der Ukrain.
  • Investéieren an eng proaktiv Integratiounspolitik fir Refugiéeën vum Moment vun dem Areechen vun der Demande un an net eréischt mat dem Erreeche vum Statut. Esou kéinten Opnamstrukturen erëm ophuelen an d’Leit géife méi autonom ginn.
  • Regulariséieren vu Migranten déi net an enger regulärer Situatioun sinn, där hir Demande ofgewise gouf mee vir déi de Retour onméiglech ass.

D’Logik vun der “Festung Europa” ass net efficace an huet zu dem Doud vun Dausenden an Dausenden vu Migranten gefouert. E weidert Verhäerden, wéi d’ADR et fuerdert,  mécht d’Situatioun net besser. D’Realitéit huet en zéit Liewen a weist all Dag datt d’Politik méi offen a méi mënschlech gi muss. Op et der ADR gefält oder net: Europa wäert weider d’Destinatioun vu ville Mënsche bleiwen déi virun de Konflikter, der Verfollgung, dem Doud fort lafen. Mir hoffen dass déi zukünfteg Regierungspolitik “à la hauteur” vun den  moraleschen an humanisteschen Uspréch vun der EU a Lëtzebuerg wäert sinn.

ASTI asbl