Migranten a Refugiéë faasse Fouss um Aarbechtsmarché

RTL – Pilotprojet “Connections4work”: Migranten a Refugiéë faasse Fouss um Aarbechtsmarché

Pilotprojet “Connections4work” / Rep. Chris Meisch

Fir d’Asti ass dat en Ufank, dee Courage mécht. D’Associatioun hëlleft domadder Migranten a Refugiéen, fir Fouss um Aarbechtsmarché ze faassen an domat de Manktem un Aarbechtskraaft proaktiv unzegoen.

Et gëtt ëmmer nees drun erënnert, dass et um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché e Manktem un net qualifizéierter Aarbechtskraaft gëtt. Dëst virop an de Beräicher vun der Restauratioun, der Konstruktioun an am Transport, wéi zum Beispill Camion- a Buschaufferen. Dobäi si vill Migranten a Refugiéë bei der Adem oder beim Büro fir sozial Inklusioun hei zu Lëtzebuerg ageschriwwen a sichen eng Aarbecht. D’Asti versicht béid Problemer gläichzäiteg ze léisen an och d’Migranten an d’Refugiéen sou gutt wéi et geet, op den Aarbechtsmarché virzebereeden.

D’Presidentin vun der Asti, Laura Zuccoli: “Mir stellen am Fong geholl ëmmer rëm fest, dass ganz vill Leit am Fong geholl keng Aarbechtsplaz fannen, sief et, well d’Sproochkenntnisser net gutt genuch sinn, sief et och, well se eisen Aarbechtsmaart net gutt genuch kennen, net wëssen, wéi e funktionéiert, wéi se sech do solle rëmfannen, an och well se guer keng Kontakter richteg hu mat de Professionellen.”

Bei der Asti gëtt och vill Wäert drop geluecht, dass d’Kandidaten d’Landessprooche léieren. Zanter 2019 huet d’Associatioun 2 innovativ Projeten op d’Been gestallt. De Projet mam Numm “connections4work” gouf duerch de Fonds social européen, de Familljeministère, den Aarbechtsministère an den ONIS finanzéiert an ass an 3 Etappen opgedeelt.

De Responsabele vum Projet, Marc Piron: “Den éischte Komponent ware Sproochecoursen, déi spezifesch baséiert waren op den Apprentissage vu Vokabulär vu verschidde Metieren. Den zweeten Aspekt waren Informatiounssessiounen. Et waren der, wéi maachen ech ee CV, wat si meng Rechter als Aarbechter hei zu Lëtzebuerg, an dann hate mer awer och eng ganz flott Collaboratioun mat der Superdreckskëscht a mam Horesca, fir ganz spezifesch Formatiounen ze maachen. An dann déi drëtt Saach, dat waren onbezuelte Stagë vun 240 Stonnen an déi erlaabt hunn, de Leit a Kontakt ze triede mat de Patronen.”

Vun deenen 90 Leit, déi zanter 2019 Deel geholl hunn, hunn 41 ee Stage gemaach an dovu kruten der 16 ee Kontrakt. Et géing ee sech awer och bei verschiddene Punkten nach Gedanke maachen.

Nach eemol d’Laura Zuccoli: “Dass de Staat hei soll seng Responsabilitéiten huelen, mir hunn hei Projeten, déi sech bewäert hunn, mir hunn hei een Knowhow, et ginn der nach anerer, mir sinn net déi eenzeg, mir mengen, et misst do wierklech eng koherent Strategie opgebaut ginn, fir dass eben den Defizit, dee mer awer hunn, an ech widderhuelen, deen hu mer vun net qualifizéierten Aarbechtsplazen, dass mer deene Leit déi Brécke bauen, fir iwwerhaapt eranzekommen.”

Der Asti wier et wichteg, de gesammelten Knowhow vun de Projeten aneren Initiative weiderzeginn an och an Zukunft weider Pilotprojeten opzebauen, fir eben déi concernéiert Populatioun opzefänken an anstänneg z’integréieren.