Question parlementaire : « Méthodes d’évaluation de l’âge des demandeurs d’asile mineurs et conformité au droit européen ».
Äntwert vum Här Inneminister, Léon Gloden, op d’parlamentaresch Fro n°2549 vum 2. Juli
2025 vun der honorabeler Députéierten Liz Braz zum Sujet « Méthodes d’évaluation de l’âge
des demandeurs d’asile mineurs et conformité au droit européen ».
traduction ChatGPT après la réponse en luxembourgeois
1. Wéi eng Methode ginn zu Lëtzebuerg ugewant fir den Alter vun DPIen festzestellen? Kann
den Här Minister uginn wéi eng Methode wéi heefeg an de leschte fënnef Joer ugewant
goufen?
Eng Persoun déi zu Lëtzebuerg eng Demande op internationale Schutz stellt gëtt am Prinzip op Basis
vun den Dokumenter respektiv Kopien vun Dokumenter déi si ka virleeën an déi national Datebank
opgeholl. Ab deem Moment gëllt si dann offiziell als „Demandeur de protection internationale“.
Wann d’Persoun keng Dokumenter ka virweisen oder des Dokumenter net concluant sinn an
d’Autoritéiten no engem Gespréich matt der Persoun Zweifel um Alter deen d‘Persoun uginn huet
hunn, kennen d’Autoritéiten eng medezinesch Analyse ordonéieren déi als Finalitéit den Alter vun der
Persoun ze bestëmmen huet.
Des medezinesch Ënnersichung huet als legal Basis den Artikel 20 vum Gesetz vum 18. Dezember 2015
iwwer internationale Schutz an temporäre Schutz a gëtt vu kompetenten a speziell forméierte
Medezinner vum CHEM an LNS duerchgefouert. D’Generaldirektioun vun der Immigratioun ass net an
dëse Prozess involvéiert an intervenéiert a kenger Weis bei den Doktere matt Ausnam vum Fakt, dass
wa Besoin besteet en Interpret zur Verfügung gestallt an och vum Staat bezuelt gëtt.
Déi betraffe Persoun gëtt vun der Generaldirektioun fir Immigratioun informéiert, dass si gebieden
ass sech dëser Analyse ze ënnerzeien. Si kritt Informatiounen iwwer den Oflaf vun dëser Ënnersichung,
déi si och ka refuséieren.
Des medezinesch Ënnersichung kann, en fonction vun de Resultater, an enger oder zwou Etappen
duerch gefouert ginn.
D’Persoun gëtt gebieden am CHEM zu Diddeleng virstelleg ze ginn wou vun engem onofhängege
Radiolog eng Röntgen vum Handgelenk an der Hand gemaach gëtt.
Wann de Radiolog no dëser éischter Röntgen estiméiert, dass d’Persoun mannerjäreg ass, da gëtt
d’medezinesch Prozedur clôturéiert an ee Rapport dresséiert aus dem ervir geet, dass d’Persoun als
mannerjäreg zu consideréieren ass. Et ginn dann och keng weider Ënnersichunge gemaach.
Wann de Radiolog no dëser éischter Röntgen estiméiert, dass d’Persoun warscheinlech net
mannerjäreg ass, da geet d’Prozedur weider an zousätzlech Ënnersichunge gi gemaach fir d’Resultater
ze affinéieren an all Zweifel aus dem Wee ze raumen. Et ginn Röntge vum Schlësselbeen an den Zänn
gemaach. Duerno gëtt d’Persoun vun engem zweete Medezinner vum LNS gesinn, deen een
ausféierlechen Entretien matt der Persoun feiert (Anamnese) deen als Ziel huet Informatiounen iwwer
d’Kandheet vun der Persoun ze sammelen. Hei ass et ënner anerem wichteg erauszefannen a
wei enge Conditioune si op gewuess ass, Virerkrankungen, Pathologien déi an der Famille bekannt
wieren, wat hire Regime alimentaire ass, well dëst sinn Elementer déi op de Wuesstum vun enger
Persoun kennen awierken. Parallel gëtt nach eng kierperlech Ënnersichung vun der Persoun
duerchgefouert.
Op Basis vun all dësen Elementer an unhand vun international unerkannten Normen schréiwen
d’Dokteren e Rapport an deem si concluéieren op d’Persoun manner- oder volljäreg ass a ginn och ee
Mindestalter un. D’Doktere kennen natierlech ni matt ganz genauer Sécherheet op den Dag oder
Mount genau een Alter festleeën, sou dass eng gewësse Marge matt en Compte geholl gëtt. Wann
laut dem Rapport eng kleng Warscheinlechkeet besteet, dass d’Persoun kéint mannerjäreg sinn a keng
aner Elementer am Dossier op eng Volljäregkeet géingen hindéite gëtt si ëmmer als mannerjäreg vun
der Generaldirektioun fir Immigratioun consideréiert.
Offiziell Statistike bezüglech den Tester leien net vir, mee et kann ugeholl ginn, dass an de leschte
fënnef Joer Ronn 130 Altersbestëmmungsprozeduren duerchgefouert goufen.
2. No wéi enge Krittäre gëtt decidéiert, ob eng Ënnersichung fir d’Determinatioun vum Alter
noutwendeg ass?
Wann eng Persoun op der Generaldirektioun fir Immigratioun virstelleg gëtt a behaapt mannerjäreg
ze si gëtt des Persoun vun engem speziell forméierten Agent empfaange fir een éischt kuerzt
Gespréich ze feieren. Dëst Gespréich, dat an Zesummenaarbecht matt der Police duerchgefouert gëtt,
huet als Finalitéit eraus ze fannen op d’Persoun Dokumenter bei sech dréit déi hier Identitéit
etabléieren kennen. En éischte preliminären Check gëtt gemaach fir eraus ze fannen op d’Persoun net
als „mineur disparu“ am SIS signaléiert ass, an engem anere Memberstaat bekannt ass, an et ginn e
puer Basisinformatioune gefrot iwwert den Trajet vun der Persoun an déi eventuell Etappen a
Prozeduren déi si schonn an Europa duerchlaf hat.
Wann no dësem éischten Check e seriöen Zweifel iwwer den Alter deen d‘Persoun uginn huet besteet
a si keng kohärent Aussoe ka maachen, da kann d’Persoun gebiede ginn sech enger Determinatioun
vum Alter ze ënnerzéien.
Et ass an dësem Kontext wichteg ze ënnersträichen, dass des Ënnersichung e puer Zieler verfollegt.
Enger Säits geet et drëm sou kloer wéi méiglech ze etabléiere wien sech zu Lëtzebuerg ophällt a sécher
ze stellen, dass just Mannerjäreger a Foyeren déi fir Kanner ausgeluecht sinn ënnerbruecht ginn.
Anerer Säits geet et drëm sécher ze stellen, dass déi Richteg Prozedur am Kader vum Traitement vun
der Demande op internationale Schutz applizéiert gëtt.
3. No wéi enge Krittäre gëtt decidéiert wéi eng Methoden ugewannt ginn?
Des medezinesch Ënnersichung gëtt vu kompetenten a speziell forméiert Medezinner, op Basis vun
international unerkannte Methoden, duerchgefouert. Wéi an der éischter Fro erwäänt, handelt et
sech em verschidden Etappe a Normen déi vun de Medezinner ugewannt ginn.
D’Gericht huet sech an deene leschte Joren och ëfters iwwert des Ënnersichungen ausgeschwat an ass
ëmmer zur Conclusioun komm, dass déi ugewannte Methode korrekt ass an, dass des Expertis kennen
als valabelen Element de Preuve gëllen.
4. Wéi gëtt séchergestallt, datt déi betraffe Persoun op eng altersadequat a verständlech Aart
a Weis iwwert d’Ënnersichung informéiert gëtt an hiert Averständnes kënne ginn?
Déi concernéiert Persoun kritt eng Convocatioun mat den néidegen Informatiounen zur Ënnersichung,
ausgehändegt. Dëst Schreiwes kritt d’Persoun an hirer nationaler Sproch respektiv an enger Sproch
déi si versteet. Parallel dozou kritt d’Persoun vun engem Beamten, a wa Besoin besteet matt engem
Interpret, nach eng Kéier verbal erkläert wei d’Ënnersichung wäert oflafen.
Déi concernéiert Persoun ënnerschreift een Accusé de réception wa si des Dokumenter ausgehändegt
kritt huet.
Et ass wichteg ze ënnersträichen dass d’Persoun des Ënnersichung ka refuséieren, dëse Refus gëtt am
Dossier aktéiert.
5. Sinn d’Prozeduren hei zu Lëtzebuerg mat der genannter europäescher Jurisprudenz
alignéiert?
Den Artikel 20 vum Gesetz vun 2015 transposéiert den Artikel 25 vun der Direktiv 2013/32/EU an
erlaabt der Generaldirektioun fir Immigratioun op medezinesch Ënnersichungen zeréck ze gräife
wann ee seriöen Zweifel bezüglech dem Alter vun enger Persoun besteet.
Op Basis vun dësem Artikel ass déi national Prozedur wei se an den éischten Äntwerte beschriwwen
ass opgestallt ginn.
D’CEDH hält fest, dass een esou Ënnersichunge ka virgesinn. Dëst ëmmer am Respekt vun de
Grondrechter vun der betraffener Persoun a matt spezielle prozedurale Garantien. D’Cour hält ënner
anerem fest, dass des Ënnersichunge just dierfen duerchgefouert gi wann ee soss keng aner concluant
Elementer huet. Si ënnersträicht och, dass de bénéfice du doute der Persoun ëmmer muss zegutt
kommen. Eng weider Garantie, déi vun der europäescher Jurisprudenz virgesinn ass, ass
d’Méiglechkeet fir d’Resultat vun der Altersbestëmmung unzefechten an en effektive Recours ze
kréien. Zu Lëtzebuerg kann een dëst beim Familljegeriicht respektiv am Kader vun der
Prozedur virum Verwaltungsgeriicht ufechten.
D‘Prozedur wei se zu Lëtzebuerg applizéiert gëtt ass conforme zu den Exigenzen déi den Europäesche
Geriichtshaff fir Mënscherechter a senger Jurisprudenze fixéiert huet. Eis national Gerichter drécken
sech och reegelméisseg iwwer des Ënnersichungen aus an hunn dës bis dato nach ëmmer als concluant
ugesinn a validéiert. Et ass och ze bemierken, dass all Demandeur vum Ufank vun der Prozedur un
d’Recht huet gratis vun engem Affekot assistéiert ze ginn.
6. Wéi oft huet dësen Test an de leschte fënnef Joer bewisen, dass et sech bei engem MNA net
ëm e Mineur gehandelt huet?
Offiziell Statistike leien net vir, mee et kann ee schätzen dass vun de Ronn 130 Ënnersichungen déi
duerchgefouert goufen eppes iwwer 100 konnten ouni Zweifel etabléieren, dass d’Persoun volljäreg
ass.
An dësem Kontext muss een och ervirsträichen, dass d’Dokteren ëmmer eng Forschette vum Alter,
matt engem Warscheinlechkeetsalter, op Basis vun hiren Ënnersichungen uginn. Wann no dëser
Ënnersichung een Zweifel besteet, dass d’Persoun kéint mannerjäreg sinn, a soss keng aner concluant
Elementer am Dossier sinn, da gëtt si als mannerjäreg consideréiert.
Lëtzebuerg, den 22. Juli 2025
Den Inneminister
(s.) Léon Gloden
La traduction de Chat GPT:
Quelles méthodes sont appliquées au Luxembourg pour déterminer l’âge des DPI ? Le ministre peut-il indiquer quelle méthode a été utilisée et à quelle fréquence au cours des cinq dernières années ?
Une personne qui introduit une demande de protection internationale au Luxembourg est enregistrée dans la base de données nationale sur la base des documents ou copies de documents qu’elle peut présenter. À partir de ce moment, elle est officiellement reconnue comme « demandeur de protection internationale ».
Lorsque la personne ne peut présenter aucun document, ou que les documents fournis ne sont pas concluants, et que les autorités, après un entretien avec la personne, ont des doutes sur l’âge déclaré, une analyse médicale peut être ordonnée afin de déterminer l’âge de la personne.
Cette analyse médicale repose sur l’article 20 de la loi du 18 décembre 2015 relative à la protection internationale et à la protection temporaire, et elle est réalisée par des médecins compétents et spécialement formés du CHEM et du LNS. La Direction générale de l’immigration n’intervient pas dans cette procédure, sauf pour fournir, si nécessaire, un interprète pris en charge par l’État.
La personne concernée est informée par la Direction générale de l’immigration qu’elle est invitée à se soumettre à cette analyse. Elle reçoit des informations sur le déroulement de l’examen, qu’elle peut refuser.
L’examen médical peut se dérouler en une ou deux étapes, selon les résultats.
-
Dans un premier temps, une radiographie du poignet et de la main est effectuée par un radiologue indépendant au CHEM à Dudelange.
-
Si le radiologue estime que la personne est probablement mineure, la procédure s’arrête là, un rapport est rédigé et aucune autre analyse n’est effectuée.
-
Si au contraire le radiologue estime que la personne est probablement majeure, la procédure se poursuit. D’autres examens sont réalisés (radiographies de la clavicule et des dents). La personne est ensuite vue par un médecin du LNS, qui réalise un entretien approfondi (anamnèse) pour recueillir des informations sur l’enfance de la personne (conditions de croissance, maladies, antécédents familiaux, régime alimentaire, etc.), ainsi qu’un examen physique.
Sur base de tous ces éléments, les médecins rédigent un rapport selon des normes internationales reconnues, dans lequel ils concluent si la personne est mineure ou majeure et indiquent également un âge minimal estimé. Les médecins ne peuvent évidemment pas déterminer un âge exact à la date près, une marge d’erreur est donc toujours prise en compte.
Si, selon le rapport, il existe un doute, même faible, sur une possible minorité, et qu’aucun autre élément du dossier n’indique la majorité, la personne est considérée comme mineure par la Direction de l’immigration.
Bien qu’il n’existe pas de statistiques officielles, on estime qu’environ 130 procédures de détermination de l’âge ont été effectuées au cours des cinq dernières années.
2. Selon quels critères est-il décidé si un examen de détermination de l’âge est nécessaire ?
Lorsqu’une personne se présente à la Direction de l’immigration et déclare être mineure, elle est reçue par un agent spécialement formé pour un premier entretien. Cet entretien, mené en collaboration avec la police, vise à vérifier si la personne possède des documents d’identité.
Un premier contrôle préliminaire est effectué pour voir si la personne est signalée comme mineur non accompagné dans le système SIS ou connue dans un autre État membre. On lui pose aussi quelques questions de base sur son parcours migratoire et les étapes déjà traversées en Europe.
Si, après ce contrôle, un doute sérieux subsiste sur l’âge déclaré et que la personne ne peut faire de déclarations cohérentes, elle peut être invitée à se soumettre à une procédure de détermination de l’âge.
Il convient de souligner que cette analyse poursuit plusieurs objectifs :
-
établir clairement l’identité de la personne présente au Luxembourg ;
-
garantir que seuls des mineurs sont placés dans des structures adaptées aux enfants ;
-
s’assurer que la bonne procédure de traitement de la demande de protection internationale soit appliquée.
3. Selon quels critères est-il décidé quelle méthode est utilisée ?
L’examen médical est réalisé par des médecins compétents et spécialement formés, en se fondant sur des méthodes internationalement reconnues.
Comme mentionné dans la première réponse, il s’agit d’une série d’étapes et de normes que les médecins appliquent.
Les tribunaux luxembourgeois se sont également prononcés à plusieurs reprises sur ces examens et ont toujours conclu que les méthodes utilisées étaient correctes et que les expertises pouvaient valablement être utilisées comme éléments de preuve.
4. Comment s’assure-t-on que la personne concernée est informée de manière adaptée à son âge et compréhensible, et qu’elle peut donner son consentement ?
La personne concernée reçoit une convocation écrite contenant toutes les informations nécessaires sur l’examen. Cette convocation est remise dans sa langue nationale ou dans une langue qu’elle comprend.
En parallèle, un agent, accompagné si nécessaire d’un interprète, explique oralement le déroulement de l’examen.
La personne signe un accusé de réception confirmant qu’elle a reçu les documents.
Il est important de souligner que la personne peut refuser de se soumettre à cet examen, et ce refus est acté dans le dossier.
5. Les procédures appliquées au Luxembourg sont-elles alignées avec la jurisprudence européenne ?
L’article 20 de la loi de 2015 transpose l’article 25 de la directive 2013/32/UE et autorise la Direction de l’immigration à recourir à des examens médicaux lorsqu’un doute sérieux sur l’âge d’une personne existe.
Sur cette base, la procédure nationale décrite dans les réponses précédentes a été mise en place.
La CEDH (Cour européenne des droits de l’homme) reconnaît qu’un tel examen peut être envisagé, à condition de respecter les droits fondamentaux de la personne concernée et de prévoir des garanties procédurales spécifiques. La Cour souligne notamment que :
-
ces examens ne peuvent être réalisés que lorsqu’aucun autre élément probant n’est disponible ;
-
le bénéfice du doute doit toujours être accordé à la personne ;
-
un recours effectif doit être possible pour contester les résultats de la détermination de l’âge.
Au Luxembourg, ces recours peuvent être intentés :
-
devant le tribunal de la famille, ou
-
dans le cadre d’une procédure devant le tribunal administratif.
La procédure luxembourgeoise est conforme aux exigences fixées par la jurisprudence de la CEDH. Les tribunaux nationaux s’expriment régulièrement sur ces examens et les ont jusqu’à présent toujours validés comme concluants.
Il convient aussi de noter que chaque demandeur a droit à l’assistance gratuite d’un avocat dès le début de la procédure.
6. Combien de fois ce test a-t-il révélé qu’un MNA (mineur non accompagné) n’était pas mineur au cours des cinq dernières années ?
Il n’existe pas de statistiques officielles, mais on estime que sur les environ 130 examens réalisés, un peu plus de 100 ont permis d’établir sans doute que la personne était majeure.
Il faut également souligner que les médecins indiquent toujours une fourchette d’âge estimée, avec un âge probable.
Si un doute subsiste sur une possible minorité et qu’il n’existe pas d’autres éléments probants dans le dossier, la personne est considérée comme mineure.