Ab Mai patrouillieren rumänische Polizisten in Luxemburg

Ganz ënnen Aentwert op eng Parlamentaresch Fro

Verwaltungsabkommen unterzeichnet

Besserer Informationsaustausch und gemeinsame Einsätze sollen insbesondere Menschenhandel und organisierte Bettelei ins Visier nehmen.
Ab Mai 2026 sollen rumänische Polizeibeamtinnen und -beamte in Luxemburg im Einsatz sein und gemeinsam mit der luxemburgischen Polizei Streifengänge und Aufgaben der öffentlichen Sicherheit übernehmen. Foto: Anouk Antony / Shutterstock

Luxemburg baut die polizeiliche Zusammenarbeit mit Rumänien aus. Am Rande des EU-Rats „Justiz und Inneres“ in Brüssel hat Innenminister Léon Gloden (CSV) am Donnerstag eine Verwaltungsvereinbarung mit seinem rumänischen Amtskollegen Marian-Cătălin Predoiu unterzeichnet. Im Fokus der Zusammenarbeit stehen nach Angaben des Innenministeriums Menschenhandel und organisierte Bettelei.

Das Ministerium betont in einer Pressemitteilung, die Vereinbarung solle insbesondere den Informationsaustausch erleichtern und gemeinsame Einsätze unterstützen. Ein sichtbares Element seien temporäre gemeinsame Patrouillen: Ab Mai 2026 sollen rumänische Polizeibeamtinnen und -beamte in Luxemburg präsent sein und an der Seite der luxemburgischen Polizei an Streifen sowie Aufgaben der öffentlichen Sicherheit teilnehmen.

Gloden wird in dem Kommuniqué mit der Einschätzung zitiert, grenzüberschreitende Kriminalität erfordere stärkere Instrumente. Darauf weise auch der Bericht der Beratenden Menschenrechtskommission (CCDH) über Menschenhandel hin, der am 29. Januar in der Abgeordnetenkammer vorgestellt wurde.

Über klassische Polizeiarbeit hinaus soll die Kooperation nach Darstellung des Ministeriums auch den Austausch zu Desinformation, hybriden Bedrohungen und Cybersicherheit umfassen. Konkrete Mechanismen nennt das Kommuniqué nicht.

—————————————————————————————–

Äntwert vum Här Inneminister, Léon Gloden, op d’parlamentaresch Fro N° 3741 vum
9. März 2026 vum honorabelen Deputéierten Dan Biancalana zum Sujet “Présence de policiers
roumains au Luxembourg dans le cadre de la lutte contre la mendicité”.
1) Laut dem Communiqué wäerten ab Mee 2026 rumänesch Policebeamten zu Lëtzebuerg present
sinn. Fir wéi eng Dauer ass d’Presenz vu rumänesche Policebeamten zu Lëtzebuerg virgesinn?
D‘Arrangement gesäit vir, dass d’Patrullen am Mee 2026 an der Stad Lëtzebuerg agesat ginn fir 6 Méint.
Eng méiglech Verlängerung ass am Arrangement virgesinn, mat engem Preavis vun op mannst 6 Woche
virum geplangten End-Datum vun der Missioun.
2) Wéi eng Kompetenze sollen déi rumänesch Policebeamten am Kader vun dësem Arrangement
hunn a wéi wäit däerfen si zu Lëtzebuerg intervenéieren?
D‘Missioune sinn am Arrangement genau opgelëscht an definéiert. Rumänesch Polizisten maache keng
Enquêten, mee facilitéieren den Austausch vun Informatiounen an Experienzen iwwer ënnert anerem:
• Evaluatiounsmethoden, Polizeitaktik, Preventioun a Kampf géint Kriminalitéit ;
• operationell Aktivitéiten (Patrullen an ëffentlechen Uerder) ;
• Kommunikatioun mat rumänesche Staatsbierger ;
• Verständnis vun de sozialen a kulturelle Realitéite vu rumänesche Staatsbierger.
Si schaffen ënnert der Auoritéit vun der Police an hu keng polizeilech Kompetenzen op eisem Territoire.
3) an 4) A wéi enge Beräicher oder Situatioune sollen déi rumänesch Policebeamten intervenéieren,
déi net schonn duerch d’Lëtzebuerger Police ofgedeckt ginn? Wat sinn déi konkret Erwaardunge
vum Ministère vis-à-vis vun dëser Zesummenaarbecht?
Souwuel dëss Regierung, wéi och déi viirecht Regierung, d’Police, an och d’Commission consultative des
Droits de l’Homme (CCDH) konstatéieren ee Lien tëschend mat organiséierter Heescherei a
Mënschenhandel.
Duerch d’Police-Kooperatioune mat de rumäneschen Homologen, déi virun de selwechten
Erausfuerderunge mat organiséierter Heescherei a potentiellem Mënschenhandel stinn, erwaarden
d’Police an ech :
• eng interkulturell Approche a Verständnis vum Phenomen vun der organiséierter Heescherei
• eng Sensibilisatioun a Formatioun fir d’Police
• eng dissuasif Präsenz vu Poliziste mat sproochleche Kompetenzen
Ech ginn géint organiséiert Kriminalitéit an ginn de Recommandatioune vun der CCDH no, mat enger enger
Verstäerkung vun den Effektiven, enger multidisziplinärer Approche an internationalem
Informatiounsaustausch.

Police-Kooperatioun an ee besseren a schnellen Informatiounsaustausch si Prioritéiten déi ech duerch
dëst Arrangement konkret ëmsetze wëll, besonneg säit déi rumänesch Ambassade keen Officier de liaison
méi zu Bréissel huet.
5) Wéi vill rumänesch Policebeamte sollen am Kader vun dësem Arrangement zu Lëtzebuerg
agesat ginn?
Dës Fro kann aus Police-takteschen an operationelle Grënn net beäntwert ginn.
Lëtzebuerg, den 12. Mäerz 2026
Den Inneminister,
(s.) Léon GLODEN