Anti-Rassismuspolitik, déi net nervt …
D’Regierung huet viru Kuerzem hiren éischten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt. E Plang, deem et leider un déifgräifend Aktiounsvirschléi feelt, fënnt d’Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, an hirem Fräie Mikro.
E Plang ouni konkret Moossnamen?
Sechs Beräicher goufen am Aktiounsplang géint Rassismus festgehalen: Sammele vu Statistiken, Sensibiliséierung, Ënnerstëtzung fir Affer, Wunnen, Beschäftegung a Bildung.
D’Aktioune sollen encouragéieren, conscientiséieren, developpéieren, analyséieren, proposéieren … mee et sicht een ëmsoss no konkrete Moossnamen, déi tatsächlech eppes änneren.
Just recommandéieren, keen nerven
A Frankräich zum Beispill muss dat ganzt Schoulpersonal un engem obligatoresche Formatiounsdag iwwer Rassismus, Antisemitismus, Antiziganismus an Diskriminéierung deelhuelen. Systematesch Tester op Diskriminéierung am Beschäftegungsberäich an op der Aarbechtsplaz si virgesinn.
An Éisträich stinn am Aktiounsplang gratis juristesch Berodungen, konkret administrativ Reklamatiounsprozeduren a Preventiounsmoossnamen op der Aarbechtsplaz.
Bei eis stinn haaptsächlech Recommandatiounen. Mir wëlle jo keen nerven …
Affer, déi net eescht geholl ginn
Et soll eng nei Ulafstell fir Affer vu Rassismus entstoen – ouni weider Detailer, wéi déi par rapport zum besteeënde Centre pour l’’Egalité des Traitements soll funktionéieren. Och zousätzlech Ressourcë fir gratis juristesch Hëllef, Mediatioun oder den Op- an Ausbau vun onofhängege Kontrollautoritéite feelen.
Informatioune sollen a vill Sproochen iwwersat, Plattforme geschaf an Auszeechnunge fir virbildlecht Verhale verdeelt ginn. Alles eng gutt Saach, mee domadder verhënnert ee kaum eng Diskriminéierung.
Affer bekloe sech reegelméisseg, datt si net eescht geholl gi, wa se Hëllef opsichen. An trotzdeem si keng weider Sanktioune fir Persoune virgesinn, déi am Kader vun hirem ëffentlechen Amt diskriminéieren. Keng Verschäerfung vu Strofe fir rassistesch oder antisemittesch Verbriechen. Kee Suivi, deen Affer a Gesetzesvertrieder:inne gläichermoossen abënnt.
D‘Ausbildung an der Policeschoul soll zwar weidergefouert ginn, mee dat geet definitiv net duer, fir der Komplexitéit vum Rassismus gerecht ze ginn.
Symbolpolitik vum Allerfeinsten
Leit, déi am Immobiliesecteur schaffen, sollen an Zukunft Proprietären a Locatairen op juristesch Konsequenze vu Rassendiskriminéierung sensibiliséieren. Wien traut sech bei der aktueller Situatioun um Wunnmarché eng Plainte géingt e Proprietär oder eng Immobilière ze maachen?
D’Schafe vun engem Label « Je m’engage contre le racisme » ass dofir Symbolpolitik vum Allerfeinsten, mee wäert kaum verhënneren, datt verzweifelt Mënschen op der Sich no enger Wunneng diskriminéiert ginn.
Rassismus betrëfft net just eng Minoritéit
Den Aktiounsplang ass doriwwer eraus fokusséiert op Persoune mat donkeler Hautfaarf, déi sécherlech mat am Meeschte betraff sinn. Mee Rassismus zu Lëtzebuerg gëtt et genau esou gutt vis-à-vis vu Moslemen, Portugisen oder Frontalieren.
Rassismus ass e ganz breeden a verbreete Phänomen, an de Plang hannerléisst den Androck, ewéi wann nëmmen eng Minoritéit betraff wier. Dobäi gehéieren Haassrieden, rassistesch Attacken an Aschüchterungen an de Soziale Medie mëttlerweil zum Alldag.
De juristesche Kader géingt Rassismus muss gestäerkt ginn. D’Ännerung an d’Upassung vu Gesetzer bitt d’Geleeënheet, ganz vill Kategorie vu Leit mat anzebannen: Déi, déi selwer betraff sinn, mee och déi, déi vu rassistesche Privileegie profitéieren.
Eng ëmfaassend Strategie gëtt gebraucht
Bedenklech Policepraktiken, Diskriminéierung bei der Astellungspolitik, am Beruff oder um Wunnengsmaart, Rassismus an ëffentleche Servicer oder Ongerechtegkeeten an der Schoul mussen erkannt, thematiséiert a konsequent bestrooft ginn.
Den Aktiounsplang muss dofir Deel vun enger ëmfaassender Strategie sinn, déi Gerechtegkeet, Bildung, Preventioun a kollektiv Aktioun kombinéiert.
Rassismus nervt, net d’Politik géingt de Rassismus!