ASTI proposéiert e Walrecht fir all d’Residenten
No neier Etüd

© RTL-Archiv
De 7. Juni sinn et genee 10 Joer hier, datt sech am Grand-Duché bei engem Referendum däitlech géint en Aféiere vum Auslännerwalrecht ausgeschwat gouf.
Et hat ee sech donieft och géint eng Reduktioun vum Walalter op 16 Joer ausgeschwat. An deem Kontext huet d’ASTI de Méindeg de Moie virun der Presse ee Sondage vun der ILRES presentéiert, dee mëttlerweil een anert Bild géing weisen. Där Etüd no géinge sech haut 58 Prozent vun der Lëtzebuerger Wielerschaft dofir ausschwätzen, datt och Net-Lëtzebuerger bei de Chamberwale kënnen hir Stëmm ofginn. D’ASTI adresséiert sech deemno mat zwou konkrete Proposen un déi politesch Responsabel. Ee Walrecht fir all d’Residenten, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, virausgesat datt se schonn eng gewëss Zäit am Grand-Duché liewen. Weider soll eng Bierger-Chamber gegrënnt ginn, déi sech kéint mat den Deputéierten um Krautmaart austauschen an eegen Iddie mat erabréngen.