Kritik um nie Migratiounspak: Guer kee Pakt besser, wéi dëse Pakt

Schaarf Kritik vun der ASTI a vu Passerell um sougenannte Migratiounspak, dee gëschter vum EU-Parlament gréng Luucht krut. De Sergio Ferreira ass kloer der Meenung, datt guer kee Pakt besser wier, wéi dëse Pakt.

All Refugié sollt d’Recht hunn, selwer decidéieren ze kënnen, a wéi engem Land hien eng Asyldemande stelle wëll. De Fait, datt Staaten, déi keng Refugiéen ophuele wëllen, sech vun hirer Verflichtung fräikafe kënnen, wier alles anescht wéi solidaresch.

Verstouss géint d’Genfer Konventioun?

Dës Reform géif géint d’Genfer Konventioun verstoussen, seet de Sergio Ferreira vun der ASTI.

“De Fait, datt mir ee Preavis gi par rapport vun de Chancë vun enger Persoun, oder et net méiglech ze maachen, de Statut ze kréien, ass een Detournement vum Asylrecht a vun der Genfer Konventioun.“

An där steet nämlech, datt all Persoun an all Fall eenzel analyséiert misst ginn. Mat deem neie Pak géif ee géint déi Konventioun schaffen, bedauert de Sergio Ferreia.

Den Dublin-Prinzip misst iwwerdeems ersat ginn, mengt de Sergio Ferreira. All Refugiée sollt d’Recht hunn, selwer decidéieren ze kënnen, a wéi engem Land een eng Asyldemande stelle wëll. Eng verflichtend Verdeelung vun den Asyldemandeure wier méi effikass wéi dëse Pakt, no deem sech Länner, déi keng Refugiéeë wëllen ophuelen, vun der Flicht fräikafe kënnen, heescht et nach vum Spriecher vun der ASTI

Kritik um Mechanismus

Dësen neien Solidaritéitsmechanismus gesäit och d’ASBL Passerell kritesch. An der Praxis géif sech nämlech par rapport zu der aktueller Situatioun näischt änneren, erkläert d’Marion Dubois vun der Passerell. Esou hätten déi polnesch an déi ungaresch Regierunge schonn annoncéiert, net bei deem Mechanismus matzemaachen.

Lëtzebuerg muss elo der EU-Kommissioun ee Plang fir d’Implementatioun vun dësem Pakt proposéieren. Bis dohin hoffen d’ASBLen ASTI a Passerell nach mat de lëtzebuergeschen Autoritéiten iwwer d’Anhale vum Migratiounsrecht diskutéieren ze kënnen.