Rassismus – debatte

Rassismus ohne Rassen

Stefan Kunzmann Revue  21.04.2022

Diskriminierung aufgrund von Herkunft und Hautfarbe ist
nach wie vor weit verbreitet – auch in Luxemburg, wie eine Studie belegt. Das zeigt sich auch bei der „Zweiklassenmigration“
im Umgang mit Geflüchteten.

Rassismus zu Lëtzebuerg: Et brauch institutionell Verännerungen

RTL Background am Gespréich vum 23. Abrëll – Antonia Ganeto, Max Hahn a Sylvain Besch

E Samschdeg waren d’Spriecherin vu Finkapé, den DP-Deputéierten an de Responsabele vum CEFIS eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich.

Et feelt un Ulafstellen fir sech géint Rassismus ze wieren, dat ass an eiser Emissioun Background am Gespréich iwwert de Rassismus hei am Land däitlech ginn. Invitée waren d’Antónia Ganeto, Spriecherin vun Finkapé, de Max Hahn vun der DP, President vun der Chambercommissioun fir Famill an Integratioun an de Sylvain Besch, Responsabele vum CEFIS a Co-Auteur vun enger Etüd iwwert de Rassismus zu Lëtzebuerg.

Dee Rapport mëscht däitlech, dass et och hei am Land e Problem mat Rassismus an Diskriminatioune gëtt. Deen sech virun allem a bestëmmte Beräicher weist, wéi den Co-Auteur vun der Etüd, de Sylvain Besch ervirgestrach huet:

Grouss Secteuren wéi d’Aarbecht, d’Schoul an d’Wunnen wiere besonnesch impaktéiert, wéi d’Etüd gewisen huet. Duerch déi qualitativ Approche vum CEFIS hätt een och déi verschidde Formen vu Rassismus gesinn. Ausserdeem war et och d’Zil vun der Etude ze kucken, wéi eng Gruppen vu Leit besonnesch vu Rassismus an/oder Diskriminatioune betraff sinn. Do hätt sech eraus gestallt, dass virun allem Leit mat enger schwaarzer Hautfaarf betraff sinn.

Doriwwer eraus och Leit, déi en arabeschen oder muslimeschen Hannergrond hunn, esou wéi och Persounen mat portugiseschen Originnen.

2/3 vun de Persounen, déi rassistesch diskriminéiert ginn, maachen awer keng Plainte. Och dat ass am Rapport ze liesen. D’Antónia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé, kennt dat Phenomen:

Wann ee schafft, ass ee nämlech finanziell ofhängeg. Andeems ee géint säi Patron oder Virgesetzten virgeet, riskéiert ee vill. Bei Finkapé hätten sech scho mol Leit gemellt, déi wéinst hirer Hautfaarf diskriminéiert goufen a net wossten, wat si sollte maachen.

D’Aktivistin vu Finkapé huet och selwer eng Plainte wéinst sexisteschen a rassistesche Beleidegungen am Internet deposéiert, wat net einfach gewiescht wier, wéi si an eiser Emissioun soot. Den Täter gouf zu enger Geldstrof vun 1500€ verurteelt. An engem Gespréich mat der Antónia Ganeto hätt hien säi Feeler och net agesinn, esou nach d’Antónia Ganeto.

Den Hannergrond: beim Fraestreik am Mäerz 2020 gouf eng Foto vun der Antónia Ganeto gemaach, wéi si an e Megaphon schwätzt op deem e Sticker vu Richtung 22 war mam Sproch „Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss“ gepecht war. De Sticker, respektiv déi Ausso hat awer näischt mat der Ried vun der Antónia Ganeto ze dinn an si hat d’Pechbild och guer net bemierkt, wéi si de Megaphon kritt huet. Doropshin gouf awer rassisteschen an sexisteschen Hate Speech an de soziale Reseauen ausgeléist. Eng traumatiséierend Erfarung, wéi d’Aktivistin ënnerstrach huet.

Mat hirer Plainte hätt si virun allem wëlle weisen, dass et wichteg ass an d’Ëffentlechkeet ze goen an de Rassismus kloer ze weisen.

Et wier net un den Associatiounen eleng fir d’Leit opzefänken, mee et bréicht een och Institutiounen, déi dohannert stinn. Den Zentrum fir Gläichbehandlung CET huet net genuch Ressourcen oder Pouvoiren, fir d’Leit konkret bei Fäll vu Rassismus kënnen ze begleeden. Fir de Max Hahn, President vun der zoustänneger Chamberkommissioun fir Famill an Integratioun missten et verschidden Ulafstelle ginn, dorënner eben och den CET, fir deen elo Ännerunge virgesi sinn. Den DP-Deputéierten Max Hahn sot, dass de Wëllen do wier, wat een och an der Chamberdebatt iwwert de Rassismus gesinn hätt. An der Chamber gouf och eng Motioun gestëmmt, déi méi Ressourcen fir den CET virgesäit. Et goufen och scho nei Leit agestallt, fir deem gerecht ze ginn. Doriwwer eraus wier et awer och wichteg, de Leit ze kommunizéieren, dass et déi Ulafstell gëtt. An et misst ee kloer definéieren, wat alles als Diskriminéierung zielt.

Sensibiliséieren ass och der Antónia Ganeto wichteg. Woubäi si awer betount huet, dass e nationale Plang fir Integratioun dofir net duergeet. Et misst een de Problem beim Numm nennen an et bréicht een dofir e nationalen Aktiounsplang géint de Rassismus, deen konkret a gezielt Léisunge virgesäit.

Déi rezent Etüd vum CEFIS, dem Zenter fir interkulturell a sozial Studien a Formatiounen an dem Liser, dem Zenter fir sozio-ekonomesch Recherche wier sécher eng Chance, fir eppes ze verbesseren, seet d’Antonia Ganeto vu Finkapé. Se wierklech ze bewäerten, wär awer schwiereg, well se nach net den Experte virgestallt gouf. Allgemeng misst méi op Sensibiliséierung gesat ginn, fir dass sech Saache verbesseren. Déi dräi Invitée waren sech dann och eenz, dass de Rapport net dierft am Tirang verschwannen. Elo wou een Zuelen hätt, wier et wichteg weider ze kucken, wéi d’Etüd kann hëllefen fir géint de Rassismus zu Lëtzebuerg virzegoen.