Packe mir dat?
Virun 10 Joer sot déi deemoleg Bundeskanzlerin Angela Merkel den historesche Saz « Wir schaffen das! ». Wéi hu mir zu Lëtzebuerg dës Zäit genotzt, fir Flüchtlinge ze integréieren? Dat sech freet d’Laura Zucoli, Biergerrechtlerin, an hirem Fräie Mikro.
25.9.2025
Fir eis Liewensweis méi no ze brénge gouf den ënnerstëtzten Integratiounsparcours PIA agefouert. 80 Projete vun der Zivilgesellschaft goufe vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte mat bal 15 Millioune finanzéiert. Innovativ Initiative fir d’Landessproochen ze léieren, eis Kultur ze verstoen, Geschicht a Gesellschaft kennenzeléieren oder konkret op den Aarbechtsmaart virzebereeden. Well d’Motivatioun vun de gesellschaftlechen Acteuren a vun de Flüchtlinge grouss war, war de Succès vun dësen Initiativen och bedeitend. Mee wat ass haut, 10 Joer duerno, vun dësem Elan nach iwwreg?
10 Joer méi spéit gesäit et anescht aus
Déi meescht Projeten déi d‘Oeuvre zäitlech begrenzt ënnerstëtzt huet, sinn ausgelaf well keng dauerhaft Finanzementer fonnt goufen. D’ADEM huet hire Service fir Flüchtlingen opgeléist – ausser fir Leit aus der Ukrain. Vum Integratiounsparcours PIA schwätzt kee méi. Obwuel 8.300 Better zur Verfügung stinn, sinn d’Flüchtlingsheemer permanent mat bal 50 Prozent unerkannte Flüchtlinge beluecht, déi keng bezuelbar Wunneng zu Lëtzebuerg fannen. Dowéinst huet de Staat eng Waardelëscht geschaf fir männlech Asyldemandeuren, déi schonn an engem aneren EU-Staat Asyl ugefrot hunn. Si mussen op der Strooss schlofe bis eng Plaz an engem Heem fräi gëtt. E rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht stellt dës Praxis allerdéngs a Fro.
Ëmmer méi Famille gi systematesch gezwongen, d’Opfangstrukturen ze verloossen. Mee wou sollen si hin? Hiren Openthalt ass just an eisem Ländche gülteg, si kënnen net iwwert d’Grenz an d’Groussregioun wunne goen. Mat engem Zousaz zum Immigratiounsgesetz soll dofir an Zukunft d’Zesummeféierung vu Familljemembere vun unerkannte Flüchtlinge gebremst ginn. Nëmmen nach de Partner a mannerjäreg Kanner dierfe kommen, keng Elteren oder Geschwëster.
Léiwer a Sozialhëllef wéi an Integratioun investéiert
A wéi steet et mat der Integratioun um Aarbechtsmaart? Eng rezent Etüd an Däitschland huet gewisen, datt no 10 Joer 73 Prozent vun de syresche Männer an ëmmerhin 29 Prozent vun de syresche Fraen eng Aarbecht hunn. Si schaffen a gesellschaftlech relevante Secteure mat héijem Personalbedarf, wéi der Gesondheet oder dem Transport an der Logistik. An zu Lëtzebuerg? Bei eis gëtt et leider keng Etüden zu dësem Sujet. De Flüchtlinge feelt et bei der Aarbechtssich u berufflechen a sozialen Netzwierker. Spezifesch Ënnerstëtzungsprogrammer vun der ADEM an de Beruffskammere gëtt et net. Hir Integratioun um Aarbechtsmaart gëtt duerch déi laang Waardezäite bis den offizielle Schutzstatut geneemegt ass an der Tatsaach, datt Asyldemandeuren erréischt no 6 Méint dierfe schaffen erschwéiert.
No 10 Joer hu mir nach ëmmer keng kohärent a proaktiv Integratiounspolitik déi de spezifesche Besoine vun eenzelne Flüchtlingsgruppe Rechnung dréit . Amplaz dës Mënschen als vollwäerteg wirtschaftlech a gesellschaftlech Acteuren anzesetzen, siche mer no Weeër, wéi mer si schnellstméiglechst erëm lass ginn. Dobäi investéiere mer anscheinend léiwer a Sozialhëllef ewéi an Integratioun an d’Gesellschaft an op den Aarbechtsmaart. An dat, obwuel mer a ville Secteuren Aarbechtskraaftmangel hunn. Esou packe mer dat definitiv net.