D’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg

Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz

D’Zesummeliewe vun all de Mënschen zu Lëtzebuerg soll duerch een neit Gesetz, dat op de Joreswiessel a Kraaft getrueden ass, verbessert ginn. De liberale Familieminister Max Hahn schwätzt vun engem Paradigmewiessel, mee zivilgesellschaftlech Organisatioune kritiséieren, datt et net wäit genuch geet, och wa si d’Gesetz prinzipiell begréissen.

Zu Lëtzebuerg liewe Mënsche mat verschiddenen Originnen zesummen: 350.000 Lëtzebuerger, 315.000 Auslänner, a pro Dag kommen och bis zu 225.000 Frontalieren heihi schaffen. Konkret soll elo duerch dat neit Gesetz jidderee méi einfach un Informatioune kommen, respektiv un Aktivitéiten deel huele kënnen – egal ob Lëtzebuerger, Refugié oder Frontalier.

„Zesummeliewen“ ersetzt „Integratioun“

Et geet net méi vun Integratioun mee vun Zesummeliewe Rieds. De CLAE als Daachverband vun den Auslännerassociatiounen an och d’ONG Caritas begréissen déi Initiativ. Mee d’Gesetz geet hinnen net duer. Et géif sech net villes änneren, bedauert d’Anita Helpiquet vum CLAE.

“En gros, on se tient à l’information, aux cours de langues et à l’intégration au niveau local. Alors qu’il faudrait concevoir l’intégration ou l’inscription citoyenne des personnes venues en migration de manière beaucoup plus globale.”

Ee Gesetz ouni konkret Ziler

Och der Carole Reckinger vun der Caritas ass dat neit Gesetz nach ze vage. Et géif u präzisen Objektiver feelen. Ouni konkret Ziler wier et net méiglech d’Zesummeliewen ze evaluéieren. Fir d’Verständnis tëschent deene verschiddene Communautéiten hei am Land ze verbesseren, bräicht den interkulturellen Dialog méi Plaz.

De Minister Max Hahn argumentéiert, hie wéilt de Gemengen eng méi grouss Roll ginn am interkulturellen Zesummeliewen. Mee d’Carole Reckinger seet, déi nei Gemengekommissioune kréichen am Fong just en neien Numm.

“Um Gemengenniveau zum Beispill: déi Integratiounskommissiounen, déi elo ersat gi mat interkulturelle Kommissiounen. Dat heescht, am Fong ännert nëmmen den Numm. Mee et wier méi wichteg, datt an alle Kommissiounen d’Thematik vum interkulturellen Zesummeliewe géif mat afléissen. Dat heescht, datt dat am Fong een transversaalt Thema wier an all de Kommissiounen.”

CLAE géif een eegene Ministère sënnvoll fannen

Et misst méi Opmierksamkeet op déi grouss Defien an eiser Gesellschaft geluecht ginn, esou d’Carole Reckinger: Si mengt domat eng méi inklusiv Educatioun an eng méi grouss politesch Participatioun. Domat kéint ee géint déi wuessend Inegalitéiten am Grand-Duché virgoen. D’Anita Helpiquet vum CLAE mengt dofir, et misst souguer een neien eegene Ministère ginn.

“Qui permettrait de réfléchir d’abord en matière d’égalité des droits, mais aussi d’égalité d’accès. Et le deuxième rôle, la deuxième mission de ce ministère serait aussi de favoriser l’ensemble des dynamiques associatives et citoyennes. Alors ne pas se contenter de ce qui se passe au Niveau des commissions consultatives d’intégration ou du bénévolat, mais de voir l’ensemble des dynamiques associatives et citoyennes.”

Dat neit Gesetz fir dat interkulturellt Zesummeliewen ass eréischt zanter dem 1. Januar a Kraaft. D’Organisatioune, mat deene mir geschwat hunn, wëllen d’Entwécklung eegenen Aussoen no am Ae behalen. Et misst een ofwaarden, wat dat neit Gesetz bréngt, a wéi vill Leit sech effektiv an deenen neie Gemengekommissioune fir interkulturellt Zesummeliewen engagéiere wëllen.

Lauschteren