Kritik u geplangtem Reglement fir Flüchtlingsstrukturen – Et kéim « aus heiterem Himmel »
Radio 100komma7 3.Februar 2026
Strukturen, wou geflücht Persounen dran ënnerbruecht sinn, sti reegelméisseg an der Kritik. Esou och de Moment, wou op de soziale Medie Fotoen zirkuléieren, déi hei um Kierchbierg an der Struktur Tony Rollmann solle geholl gi sinn, an déi keng gutt hygieenesch Zoustänn weisen.
ONA, an net méi ITM
Gëschter um Méindeg huet ee Kollektiv ronderëm Persounen, déi sech fir Flüchtlingen asetzen, eng weider Kritik opbruecht: An zwar fuerdere si, datt een neie Reglementsprojet soll zeréckgezu ginn, dee virgesäit, datt eben déi Strukturen net méi sollen als sougenannt “établissements classés” agestuuft ginn.
D’Konsequenz vun där Ëmklasséierung wier nämlech, datt d’Gebailechkeeten net méi vun der Gewerbeinspektioun ITM kontrolléiert géife ginn, esou wéi dat bis elo – an zënter zwee Joer de Fall war.
D’Argument vun der Regierung: Dee Fonctionnement als “établissement classé” hätt net bei d’Besoine vum Terrain gepasst, esou wéi den ONA, den Office national de l’accueil, et ebe fir d’Flüchtlingsstrukture géif brauchen.
Don Bosco als negatiivt Beispill
Fir de Serge Kollwelter, ee vun de Membere vum Kollektiv, bedeit dat, datt d’Sécherheets- a Salubritéitskrittären erofgesat ginn.
« Do gesäit een och an de soziale Medien nach dëser Deeg, dass a ville Flüchtlingsstrukturen d’Konditioune schlecht bis ganz schlecht sinn. Do wier also Handlungsbedarf. Amplaz déi Strukturen un d’Norme vun dem Gesetz unzepassen, gëtt elo d’Gesetz geännert, respektiv déi Strukture ginn aus deem Gesetz erausgeholl. »
Domadder wier deene Leit, déi an deene Strukture wunnen, awer net gehollef, esou de Serge Kollwelter weider.
Mee kéint dat Reglement net awer och dofir suergen, datt ee méi séier Flüchtlingsstrukture ka schafen, well et feelt jo u Plazen? Dat wier am Prinzip luewenswäert, mengt de Serge Kollwelter, deen awer fënnt, datt ee sech grad elo kéint Zäit huele fir gutt Strukturen op d’Been ze setzen.
« Mir si jo elo net méi an där Urgence, wéi se war 2015 oder am Ufank vum Ukrainkrich, datt een do auf die Schnelle emol eppes dohinner stellt, wat dann och vläicht net all de Bedéngungen entsprécht. Dat hëlt jiddweree mat a Kaf, mee dat kann awer net en Dauerzoustand sinn. An deen Dauerzoustand, deen hu mir nach. »
De Serge Kollwelter nennt den Don Bosco als Beispill, dee schonn zënter 20 Joer « e Skandal » wier, an an deem ëmmer nach Leit dra sinn.
« Also mir kënnen net einfach nëmmen dat zur Kenntnis huelen, datt elo och nach de gesetzleche Kader, an deem déi Strukture sinn, sollen ofgeschaaft ginn. »
Serge Kollwelter stellt Hypotheesen op
De Projet fir dat neit Reglement, dat iwweregens haut um Dënschdeg duerch de Staatsrot geet, gesäit vir, datt an Zukunft eben net méi d’ITM, mee den Office national de l’accueil ONA d’Strukture selwer soll kontrolléieren.
Dat géif op eng “Selbstkontroll” erauslafen, déi problematesch wier, fënnt de Serge Kollwelter.
De Kollektiv, an deem nieft him ënner anerem nach den Asti-Direkter Sergio Ferreira, den Affekot Frank Wies oder nach d’Grënnerin vun Oppent Haus, d’Marianne Donven, Member sinn, huet eng kloer Fuerderung wann et ëm d’Reglement geet: Zeréckzéien.
« Et gëtt keen anert Wuert. Ech mengen, mir sinn hei och op enger Linn mat dem Avis vun der Chambre des Salariés, déi seet, och dat Reglement zeréckzezéien. A wann dann noutwendeg ass, datt gesetzlech Bedéngunge fir d’Foyeren ugepasst ginn, firwat net? »
Wat genee d’Regierung kéint dozou beweegt hunn, gréng Luucht ze ginn, fir dat Reglement iwwer d’Ëmklasséiere vun de Flüchtlingsstrukturen, doriwwer kéint ee just spekuléieren, seet de Serge Kollwelter nach, a stellt e puer Hypotheesen op,
« An der Belsch ass de belsche Staat schonn e puermol vum europäesche Mënscherechtsgeriicht verurteelt ginn, well e keng uerdentlech Strukturen zur Verfügung stellt. (…) Ass et fir ze maachen, dass kee sech ka méi bekloen, well et jo keng Limitte gëtt vun deem, wat em imposéiert gëtt? Ech weess et net. Et kënnt jiddefalls esou aus heiterem Himmel. »
Ministère reagéiert schrëftlech, Croix Rouge hält sech bedeckt
De Familljeministère, deem den ONA ënnersteet, a bei deem mir gëschter um Méindeg eng Reaktioun op dës Kriticken ugefrot hunn, heescht et: d’Sécherheet vun de Bewunner an dem Personal vun de Flüchtlingsstrukture hätt « déi iewecht Prioritéit » an all Struktur, déi nei gebaut gëtt, hätt « den héchste Standard a puncto Sécherheet a Salubritéit ».
Mee: Dat neit Reglement géif dem ONA déi Flexibilitéit ginn déi e brauch fir och an Urgence-Situatioune séier ze reagéieren. Déi hätt ee wärend där kuerzer Zäit wou d’ITM zoustänneg war, net gehat.
Wat d’Zoustänn am Centre de primo‑accueil um Kierchbierg ugeet betount de Ministère just schrëftlech, datt professionell Botzfirme mat dräi Persounen do all Dag am Asaz wieren, fir dofir ze suergen, datt et propper bleift.
Et wier och ee Concierge do, deen och kuerzfristeg kleng Reparature kéint iwwerhuelen.
D’Fro, ob d’Biller, déi de Weekend op de soziale Medien zirkuléiert sinn, der aktueller Realitéit entspriechen, bleift domat onbeäntwert.
D’Croix Rouge, déi den Encadrement am Centre assuréiert, huet net direkt op eis Froe geäntwert an op de Familljeministère verwisen.