Sech aktiv mat der Flüchtlingsthematik befaasst

Minsbesch. Obwuel 2020 keng Kleeserchersfeier méiglech war, konnt d’Schoul mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng trotzdeem en Don un eng Associatioun maachen.
Am Kader vun enger Projetswoch huet de Cycle 4 sech mam Thema Flüchtlinge beschäftegt. D’Narin, d’Meedchen, no dem dës Associatioun benannt gouf, koum op Schëtter an d’Schoul. Inspiréiert vu senger Liewensgeschicht a senger Flucht aus Syrien, hunn d’Kanner aus dem Cycle 4 mat Hëllef vun hiren Enseignanten, e flott Buch zesummegestallt. A Presenz vum Buergermeeschter an dem Schäfferot, huet de Cycle 4 der Associatioun Narin e Scheck vun 2 500 Euro iwwerreecht, fir d’Flüchtlinge bei hirem Neiufank zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.

De Cycle 4 iwwerreecht 2 500 Euro un d’Associatioun Narin

Gemeng Schëtter via mywort.lu (Luxemburger Wort 3. Juli 2021 )