Wat mécht een Ecrivain public?

100komma7, 8. Januar 2024

Wat ass, respektiv wat mécht een écrivain public? Déi Fro stoung am Mëttelpunkt vum Hallwer Néng um Méindegmoien.

D’Annaëlle Simon ass Écrivaine publique. (Foto: Jo Diseviscourt)

Graff resüméiert handelt et sech dobäi ëm eng Persoun, déi an der Haaptsaach sozial defavoriséierte Leit dobäi hëlleft, offiziell Bréiwer ze schreiwen oder och en CV opzestellen.

Dee Service gëtt vu verschiddene Gemengen a vun enger Rei sozialen Acteure proposéiert. Vun der Asbl Interactions zum Beispill. D’Annaëlle Simon ass do Assistante sociale. Een Deel vun hirer Aarbechtszäit verbréngt si eben als écrivaine publique. Wat Si do genau mécht huet d’Annaëlle Simon eis am Interview erkläert.

Lauschteren: https://www.100komma7.lu/news/Ecrivain-Public?pd=radio