Votre panier

Wiem nëtzt de Protektionismus am Gesondheetsberäich?

Carte Blanche vum Laura Zuccoli ; RTL
Laura Zuccoli|Update: 08.01.2024 17:50|4 Commentaire(n)
RTL

Et feelt vir an hannen u Personal am Gesondheetsberäich. An trotzdeem ginn Diplomer vu Gesondheetsberuffer aus Drëttlänner bei eis net unerkannt. Wéi ass dat ze verstoen?

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Am Kader vun enger parlamentarescher Ufro huet de Santésministär geäntwert, datt vun 1.101 Doktere mat 21 Spezialitéiten der 848 bis 2034 wäerten an d’Pensioun goen, wat ronn 77% vun allen haitege Spezialisten ausmécht. Säit dem Gesetz vum 28. Oktober 2016 iwwert d’Unerkennung vun de Gesondheetsberuffer ginn zu Lëtzebuerg nëmmen nach Diplomer aus der EU unerkannt. Lëtzebuerger oder Migrante mat engem Diplom aus engem Drëttland däerfen bei eis net an hirem Gesondheetsberuff schaffen, och wa se schonns eng laangjäreg Beruffserfarung hunn.

Fir eng automatesch Unerkennung ze kréien, muss ee säin Diplom op enger Uni oder Héichschoul an der EU gemaach hunn. Domadder huet Lëtzebuerg di europäesch Direktive vun 2005 extrem restriktiv ëmgesat.

Kompetenze sollen a mussen natierlech gepréift ginn. Mee Lëtzebuerg bitt kaum Brécke fir d’Unerkennung vun Diplomer am Gesondheetsberäich. Dobäi kéinte Kompetenze vun Doktere jo zum Beispill duerch eis medezinesch Fakultéit gepréift ginn. Am Koalitiounsofkommes ass virgesinn, datt Medezinsstudente wärend hire Studie vu Spideeler a medezinesche Cabineten aktiv betreit solle ginn duerch d’Schafung vum Statut vum Dokter an Ausbildung. Firwat net Fachleit mat Diplomer aus Drëttlänner di selwecht oder eng änlech Méiglechkeet fir d’Unerkennung vun hirem Diplom ubidden?

Delaien tëscht der Ufro an der definitiver Äntwert op eng Demande op Unerkennung sinn extrem laang. Di Betraffe mussen dauernd nei Beweiser vun hirer Ausbildung areechen, fir dann no Méint, heiansdo Joren, eng negativ Äntwert ze kréien.

Och Jugendleche mat engem Premières-Diplom vun der ëffentlecher Lëtzebuerger Schoul gëtt den Accès zum Medezinstudium op der Uni Lëtzebuerg erschwéiert. Den Niveau C1 am Franséischen an am Däitschen ass do verlaangt, eng Moossnam, fir Studenten aus den Nopeschlänner ewechzehalen. Esou gi Jugendlecher vum Medezinstudium ausgeschloss, déi hir Studien am frankophone Secondaire zu Lëtzebuerg gemaach hunn an Däitsch net um Niveau C1 beherrschen.

An engem Interview huet kierzlech d’Direktesch vun der ADEM bestätegt, dass Leit mat héijem Schoulofschloss, déi am Chômage hänkebleiwen, gréisstendeels Mënschen aus Pays-tiers sinn, deenen den Diplome net unerkannt gëtt.

Mir brauchen dringend Nowuess an de Gesondheetsberuffer! Mat iwwerdriwwenem Protektionismus ass kengem gedingt. Den Auslänner mee och de Lëtzebuerger mat Diplomer aus Drëttlänner bidde mer keng realistesch Perspektive, fir hir eegen Zukunft an déi vun eisem Land an dësem wichtege Beräich ofsécheren ze kënnen.