Flüchtlingen a genervten CSV-DP Ministeren
BRIEFE AN DIE REDAKTION, Luxemburger Wort 7.März 2026
Deen ee Minister wëll déi, déi hei sinn, rëm heem schécken. Laut him sollten déi eng vun
hinnen do am Krich un d’Front, déi aner sollten doheem déi futtis geschossen Haiser an
Infrastrukture rëm flécken. Hie versteet net, firwat déi all iwwerhaapt heihi koumen. Et
schéngt es wéi wann hien am Geschichtsunterricht geschwänzt hätt, soss wéisst hien
datt 1940 e groussen Deel vun eiser Bevëlkerung, sief et an d’Éislek, oder an d’Frankräich
geflücht wär. Vereinfacht gesot: dat ass op der ganzer Welt esou. Soubal e Krich ufänkt,
flücht en Deel vun der Zivilbevëlkerung am Land oder iwwer d’Grenze vum Land.
Deen anere Minister huet vill verliefte Wunnstrukturen, wou Flüchtlinge joerzéngtelaang
dra gepärcht goufe, vu senge Virgänger-Ministere „geierft“. Der zoustänneger
Chamberskommissioun wollt hien en uerdentleche Foyer zu Käerjeng weisen.
D’Kommissiounsmembere wollten sech och nach zwee aner Foyeren ukucken. An déi
zwee ware fir si, mee scheinbar och fir de Minister, fir sech ze schummen. Firwat hätt hie
sech soss no der Visite hanner de verdonkelte Fënstere vu sengem Déngschtauto wéi een
„Flüchtende” aus dem Stëbs gemaach?
Kuerze Fazit: déi zwee Ministere wäre frou wa si de Flüchtlings-Dossier lass wären. Meng
Fro: firwat setzen si sech net mat de Leit „vum Terrain” zesummen, fir gemeinsam no
kuerz- a mëttelfristegen, mënschewierdege Léisungen ze sichen? Et ginn där, an da
wären déi zwee Hären huerteg rëm manner genervt a géifen als tatkräfteg Politiker
gelueft ginn. „Just do it!”
Jean Lichtfous, Briddel