Wie behandeln Medien die Flüchtlingsfrage

Wéi neutral ass den Ëmgang mat der Flüchtlingsfro an de Medien?
Praktesch keen Thema war an den europäesche Medien an deene leschten zwee Joer esou präsent, wéi d’Flucht an d’Integratioun. An Däitschland suergt elo eng Etude fir Diskussiounen.

Déi däitsch Medie ginn an dëser Etude vun der Otto Brenner Stiftung hefteg kritiséiert, hirer Roll als neutral a kritesch Observateuren an der Couverture iwwert Flüchtlingen net gerecht ginn ze sinn. Deemno hätte vill JournalistInnen sech manner als neutral a kritesch Beobachter vun der Politik verstanen, wéi als Sproochrouer vun der politescher Elite. Doduerch wieren der Etude no verstäerkt Fronte bannent der Bevëlkerung entstanen. Och zu Lëtzebuerg mécht ee sech ënnert Journalisten an Aktiviste Gedanken doriwwer, wéi an de Medie bericht gëtt.

100komma7