Réaffectation du directeur de l’Inspection sanitaire

Rappelons qu’au delà de la crise du Corona, l’Inspection sanitaireest responsable du suivi médicla des dpi.

Dès se pose la question de la signification de cette “réaffectation”.

Letzebuerger Land 1 Mai 2020

100komma7    28. Abrell 2020

De Pierre Weicherding schafft 100,7-Informatiounen no zanter der leschter Woch net méi an der Inspection Sanitaire. De Grond: “Meenungsverschiddenheete wéinst der Gestioun vun der Corona-Kris”.

Déi Informatioun huet d’Direktioun vun der Santé eis op Nofro hi confirméiert. Et hätte Meenungsverschiddenheete gi wéinst der Gestioun vun der Corona-Kris, erkläert de Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé. De Pierre Weicherding confirméiert d’Informatioun, wëllt se awer net kommentéieren.
Wiessel an den Ausseministère

Et wier ee sech mam Pierre Weicherding eens ginn, datt hien an den Ausseministère detachéiert gëtt. Do wier een Dokter gebraucht ginn, fir de Suivi am Beräich vun den Demandeurs de protection internationale.

D’nächst Joer géif de Pierre Weicherding a Pensioun goen. Säin Titel als Chef vun der Inspection sanitaire behält hie bis dohinner, och wann hien déi Funktioun net méi huet.
Interim fir d’Dauer vun der Kris

Formell gëtt d’Inspection sanitaire elo vum Direkter vun der Santé geleet. D’Epidemiologin Laetitia Huiart vum Luxembourg Institute of Health ënnerstëtzt de Jean-Claude Schmit dobäi awer am Alldag. De facto hätt si domadder d’Funktioun vun enger Divisiouns-Cheffin. Dëst wier a priori eng provisoresch Léisung fir d’Dauer vun der Kris, heescht et aus der Gesondheetsdirektioun.

D’Inspection Sanitaire spillt am Kader vun der Pandemie eng wichteg Roll, notamment beim Tracing vun de Kontakter vun infizéierte Persounen, beim Suivi vun de Patienten a bei der Kontroll vun den Alters- a Fleegeheemer.