Votre panier

Et wäert weiderhi Waardelëschten an den Accueilsstrukture ginn

Max Hahn nom Uerteel
Annick Goerens|Update: 01.08.2025 13:11
RTL

© Archibild / RTL Archiv

Un den Waardelëschte fir männlech Demandeurs d’asile, déi eleng op Lëtzebuerg kommen, wäert sech näischt änneren.

Dat präziséiert de Familljen- an Accueil-Minister Max Hahn. Aktuell sinn ëmmer nach 98 Prozent vun de Better an de Lëtzebuerger Strukturen ausgelaascht.

Max Hahn zu Waardelëschten / Reportage: Annick Goerens

A well d’Situatioun schonn 2023 sou uerg war, hat den deemolege Ausseminister Jean Asselborn d’Decisioun geholl, fir Waardelëschten anzeféieren. Dogéint si Lëtzebuerger Associatiounen am November 2023 viru Geriicht gaangen a kruten de 14. Juli wéinst Form-Froen net Recht. Fir de Max Hahn ass et och noutwendeg, dass de System bäigehale gëtt.

« D’Waardelëscht hëlleft eis jo, dass ech menger Aufgab kann nokommen, dofir ze suergen, dass mer een digne Accueil vun den Demandeurs de protection internationale kënne garantéieren an d’ailleurs och vun den Ukrainer, déi jo een temporäre Statutt hunn. An där sinn der och nach vill, déi kommen. Just fir e puer Zuelen ze nennen: mir hunn 220 Leit pro Mount, also 7 bis 8 pro Dag, déi hei zu Lëtzebuerg Asyl ufroen. Dat ass e ganz groussen Challenge. Op der anerer Säit hu mer Sortië vun 170 bis 180 Leit. Dat heescht, mir hunn een Delta vu 40 Better ze kompenséieren an dat mécht dës Aufgab zu enger net ganz einfacher. »

De Max Hahn verdeedegt deemno dem Jean Asselborn seng Politik vun de Waardelëschten. Et wier néideg gewiescht, Prioritéiten ze setzen.

« Fir Famillje mat Kanner, Fraen an och vulnerabel Persounen. Wie kënnt iwwerhaapt op déi Waardelëscht? Dat sinn eleng-reesend, net vulnerabel Männer, déi an engem aneren EU-Memberland och schonn Urecht op ee Bett gehat hätten an trotzdeem op Lëtzebuerg komm sinn. »

Lëtzebuerg wier net een Eenzel-Fall, mee géing besser do stoen, wéi vill aner Länner, wat d’Zuel vu Better pro Kapp ugeet. Aktuell sinn et 8.200 Better.

« A Lëtzebuerg kann net all dat opfänken, wat aner EU-Länner net méi maachen. Ech sinn amgaangen, den Tour ze maachen vun de Schäfferéit, wou mer kucken, och Gemengen, déi an dem hei Beräich vläicht nach net mathëllefen, fir déi dann och ze motivéieren an op de Wee ze kréien, fir entweder nei Strukture bei sech ze bauen, respektiv bestoend Gebaier, déi net benotzt ginn, fir déi dann och zur Verfügung ze stellen. »

Zu de lafende Prozesser wéilt sech de Minister net äusseren. Aktuell leeft jo och nach een zweete Prozess, wou e Mann aus dem Niger geklot hat, well hie keng Plaz krut. Do hat de Riichter dem Asyldemandeur allerdéngs Recht ginn, mee de Staat wäert do an Appell goen. Dat alles géing op alle Fall net hëllefen, fir zousätzlech nei Better ze schaffen. Do wier elo e kollektiven Effort gefuerdert, sou nach de Max Hahn.