Logement vu Flüchtlingen: Lëtzebuerg ze räich fir ze hëllefen?

Offene Bréif un d’Buergermeeschter vun eisem Land an un eise Kardinol

Thierry Hirsch

„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“: Eisen Nationalmotto kéint eis am Moment net besser mat den Ukrainer verbannen.

An trotzdeem liest een an der Press (sou z.B. am Artikel „Zwischen Ernüchterung und Empörung“ op Reporter.lu), dass eis Autoritéiten a Saache Logement vu Flüchtlingen net brilléieren. Dat ass keen neie Problem – en existéiert scho säit der „Flüchtlingskris“ vun 2015 an huet scho fir sou munch Schlagzeil gesuergt, souwuel wat d’Quantitéit vun deene Wunnengen ubelaangt wéi och d’Qualitéit (Stéchwuert: Al Logopédie zu Stroossen, wou viru Joren e Flüchtlingskand sech d’Hand an engem futisse Lavabo opgeschnidden hat an an d’Urgence musst).

Resultat: Iwwer 1000 Ukrainer hu Lëtzebuerg an Direktioun aner EU-Länner verlooss (Reporter.lu). Eng absolut Schan.

Ech schreiwen hei als Enkel vun enger Lëtzebuergerin, déi während dem 2. Weltkrich zwee Mol landesintern Flüchtling war, wéi d’Kämpf am Norde vum Land besonnesch hefteg waren. Bis un hiert Liewensenn huet si gekrasch, wa si vun dësen Erliefnisser erzielt huet, a war deene Familljememberen am Süde vum Land zudéifst dankbar, bei deenen si mat hiren Elteren an anere Membere vun der Famill an engem klengen Haus opgeholl gouf.

Ech si sécher, dass ech net deen eenzegen Nokomme vun engem Lëtzebuerger Flüchtling sinn: Frot mol an Äre Familljen no.

1945 war Lëtzebuerg a villen Ecke vum Land zerstéiert a war z.D. batter aarm. An dach gouf wuertwiertlech Plaz gemaach, fir nach e puer Leit méi mat un en net räich gedeckten Dësch ze loossen, well déi nach manner gutt dru waren an Hëllef gebraucht hunn.

Haut liewe mir am räichste Land vun Europa. Eisen Dësch ass sou räich gedeckt, wéi eis Grousselteren oder Elteren sech dat während an nom 2. Weltkrich ni hätten dreeme loossen.

Wann een da gesäit, wéi an dësem räiche Land a Saache Logement vu Flüchtlinge geschafft gëtt – wéi wéineg Plaz mer un eisem sou räich gedeckten Dësch wëlle maachen –, da kann ee sech just d’Aen reiwen.

Wann ee bedenkt, dass eis Autoritéite lo scho mindestens 7 Joer laang Erfahrung am Beräich vum Management vun enger „Flüchtlingskris“ missten hunn an dann nach ëmmer sou Saache passéieren, kann ee sech just d’Aen reiwen.

Wann ee bedenkt, dass vill vun deene betraffenen Autoritéiten, déi zécken, fir Décisiounen ze huelen an z.D. débill Reegelen ofzeschafen (am Artikel vu Reporter.lu gëtt d’Beispill genannt vum Schoulsak, deen d’Kanner net dierfe mat an den Iesssall huelen – dat misst ee mol mat de Fonctionnaire-Poschen an der Staatscantine maachen!), an der Fonction Publique eng Prime à responsabilité kréien, kann ee sech just d’Aen reiwen.

D’Asbl LUkraine schléit laut Reporter.lu vir, fir Wunncontainer – wéi de Staat se z.B. an der „Flüchtlingskris“ vun 2015 am Mariendall agesat huet – temporairement op Lëtzebuerg ze bréngen an hei an de Gemengen uechtert Land opzestellen. Nom Krich géifen déi Wunncontaineren an d’Ukrain bruecht, wou se dann dee Moment staark gebraucht géifen, bis Haiser an Appartementer nees opgebaut sinn. Eng intelligent an nohalteg Idee.

E puer Gemengen hu laut deem Artikel schonn zougesot a weisen domat hier Solidaritéit. Dat wëll ëmgedréint heeschen, dass ganz vill vun eisen 100 Gemengen dat nach net gemaach hunn, obwuel se dat kéinte maachen: Vill Gemengen hu genuch Plaz, fir sou Wunncontaineren opzestellen – sief et op Terrainen, déi hinne selwer gehéieren, sief et, andeems se mat de Propriétaire vu Bauland schwätzen, op dat an deenen nächste Jore souwisou nach net sollt gebaut ginn. Et ass ganz einfach eng Fro vu guddem Wëllen a vun Engagement.

Och d’Kierch soll sech un hiert faméist Gläichnis vum baarmhäerzege Samariter erënneren an aktiv no der Sich vu sou Terrainen hëllefen. D’Kierch war ëmmer e Grossgrundbesitzer hei am Land an huet och ënnert hire Scheewecher sou munch Propriétaire vu Terraine sëtzen. Mat engem engagéierten Hierdebréif kéint eise Kardinol sech un d’Gewësse vun dëse Leit riichten.

Net wien mir an eisem Häerz sinn, mä wat mir konkret maachen, définéiert eis.

Et wier un der Zäit, dass eis Autoritéite weisen, ob se Courage hunn a kreativ denke kënnen. Wann d’Autoritéite vu manner räichen EU-Länner dat hikréien, missten eis mat vill méi Mëttelen dat dach och hikréien.

All weidere Flüchtling, dee Lëtzebuerg wéinst Logementsproblemer verloosse muss, ass eng Schan fir eist Land – wéi gesot, dat räichste Land an Europa.

„Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn.“ Wat bedeit dat nach haut, wou mir Lëtzebuerger net méi an eiser nationaler Existenz bedrot sinn ?

a) generéis an hëllefsbereet si géigeniwwer Leit, déi eis Hëllef brauchen, a kreativ no Léisunge sichen, andeems mir e bëssche méi no zesummeréckelen, fir nach Plaz un eisem Dësch ze maachen – sou, wéi eis Virfahren dat während an nom 2. Weltkrich gemaach hunn;

b) egoistesch, geldgiereg sinn oder ze feig, fir eventuell onbeléift politesch oder administrativ Décisiounen ze huelen, an all Zentimeter vun eisem räich gedeckten Dësch ganz eleng fir eis halen.

Et wier un der Zäit, endlech e Choix ze treffen.