Deputéiert sinn erféiert iwwer Zoustänn a verschiddene Flüchtlingsstrukturen

ONA-Strukturen
|100,7

A Saache Flüchtlingsstrukturen hei am Land missten d’Gemengen ee méi groussen Effort maachen. Dat war de Constat vun den Deputéierten vun der Chamber-Familjekommissioun, déi d’Méiglechkeet haten, bei enger Visitt vun den ONA-Strukturen zu Miersch, zu Käerjeng an zu Zolwer dobäi ze sinn.

Wärend d’ONA-Struktur zu Käerjeng ee “Vorzeige-Beispiel” gewiescht wier, eng relativ nei, dezentral a kleng Struktur mat adäquater Ausstattung, wier een zu Miersch an zu Zolwer reegelrecht erféiert.
« En imporviséierte Prisong »

An dëse méi grousse Strukture missten d’Bewunner an Dortoiren ouni Fënster an op enkstem Raum ënnerkommen, kritiséiert ënner anerem den Deputéierte vun Déi Lénk, de Marc Baum.

« Dat huet mech éischter un en improviséierte Prisong erënnert, wéi u wierklech eng Struktur fir Leit, déi, déi viru Krich an Terror geflücht sinn. »

Ee generelle Constat war och d’Opreegung vun de Bewunner virun der Visitt vun de Politiker, wéi och de Geroch vu Chlor, deen drop hiweise géif, datt virun dem Besuch haut intensiv gebotzt gi wier, esou d’Deputéiert, déi sech eens waren, datt d’Gemenge méi an d’Responsabilitéit geholl misste ginn.
D’Gemenge sollen net just léif gefrot ginn

Hei wier et awer un der CSV-DP-Regierung, esou ënner anerem d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt.

« Am Endeffekt misste vill méi Gemengen hei matzéien an net just nëmme léif gefrot ginn. »

Der Presidentin vun der Familljekommissioun an DP-Deputéiert Mandy Minella no sollte méi Gemengen dem Beispill vu Käerjeng nokommen, wou mat moduläre Strukture geschafft gëtt.

« Et wier flott, wann d’Gemenge géifen agesinn oder vläicht Efforte géife maachen, fir uechter d’Land, net alles kompriméiert op de grousse Stied wier, mee verdeelt iwwer d’Land een de Leit esou mat kéint hëllefen. »

Et géif awer un enger Strategie an un engem kohärente Konzept vum DP-Minister Max Hahn feelen, huet de Marc Baum weider kritiséiert.

Et feelt u klore Virgaben

Och wann et europäesch Recommandatioune fir d’Qualitéitsstandarde vu Flüchtlingsstrukture gëtt, géifen zu Lëtzebuerg keng kloer Virgaben existéieren, zum Beispill wéi vill Better an engem Dortoir dierfe sinn, bedauert d’Deputéiert d’Djuna Bernard. Déi Gréng haten no der Visitt op ee Point presse invitéiert.

« D’CSV hat et an enger Chamberdebatt, ech mengen 22 oder 23 offensiv gefuerdert. Eng Quoteverdeelung vun de Gemenge war eng CSV-Porpos, déi och an hirem Walprogramm steet. Haut héiert ee se net méi sech dozou prononcéieren. Ech fannen et bedauernswäert. »

Och wann d’CSV an d’DP déi meeschte Gemengeverantwortung hätten, géif een hei kee weidere Wëlle gesinn, fir eppes ze änneren, esou nach d’Djuna Bernard.