Votre panier

Am ale Schëmpecher Schlass

Déi éischt Flüchtlinge kommen de 4. Abrëll
Marc Hoscheid|Update: 20.03.2024 12:07  RTL
RTL

Nodeems de Projet Retard kritt hat, confirméiert de Wëntger Buergermeeschter, datt a ronn zwou Wochen déi éischt Demandeurs d’asile eraplënneren.

Zanter méi wéi zwee Joer ass dat fréiert Schlass zu Schëmpech net méi genotzt ginn. Bis dohin hat d’Protex, respektiv vu senger Grënnung un de CGDIS, do wärend Joerzéngten eng Pompjeesschoul bedriwwen. Scho kuerz nodeems decidéiert gi war, dës zouzemaachen, hat déi deemoleg Regierung annoncéiert, Flüchtlingen am Gebai wëllen ënnerzebréngen. Dem Buergermeeschter vu Wëntger, Lucien Meyers no, gouf d’Ouverture e puer Mol an Aussiicht gestallt, mee awer ëmmer nees no hanne verréckelt. Ma fir Ufank Abrëll sollen d’Ëmbauaarbechten awer definitiv ofgeschloss sinn.

RTL

© Marc Hoscheid

RTL

Dem Lucien Meyers no stinn iwwer 50 Plazen zur Verfügung, et géing awer gekuckt ginn, datt héchstens 40 bis 45 Persounen um Site sinn. Schëmpech huet aktuell ronn 60 Awunner. D’Demandeurs d’asile kéimen aus ganz verschiddene Länner. D’Kanner sollen no der Ouschtervakanz an d’Schoul goen. Dofir huet d’Gemeng extra eng Integratiounsklass ageriicht. Et wier d’Zil, datt d’Kanner sou séier wéi méiglech an normal Klasse kommen, mee dat géif vun de sproochleche Kompetenzen ofhänken. Fir d’Integratioun och ausserhalb vun der Schoul ze ënnerstëtzen, gëtt zudeem zu Schëmpech eng nei Spillplaz amenagéiert, déi och awer net nëmme fir d’Kanner aus der Flüchtlingsstruktur geduecht ass.

Am Haaptgebai an am Schlofsall vun der fréierer Pompjeesschoul soll Wunnraum entstoen. Nieft deem ale Schlass gehéieren awer och nach eng Gierwerei an ee grousse Park zum Site. Am Oktober d’lescht Joer hat den deemolege Minister fir ëffentlech Aarbechten, François Bausch, an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der deemoleger CSV-Deputéiert Martine Hansen erkläert, datt an der Gierwerei ee Formatiounssall amenagéiert gëtt. Sollt an der Schoul net genuch Plaz fir d’Kanner sinn, kéinten do noutfalls och Coursë gehale ginn. De Park géing vum Office national de l’accueil (ONA) ënnerhale ginn. Den ONA ass nämlech fir d’Gestioun vum ganze Site responsabel. Am Park steet och een Tuerm, dee vun der Pompjeesschoul fir Übunge genotzt gouf. Pläng fir deen anescht ze notzen, hätt den ONA iwwerdeems net.

Dëse Samschdeg, den 23. Mäerz, organiséiert d’Gemeng Wëntger um 9 Auer zesumme mam ONA eng Informatiounsversammlung am fréiere Schëmpecher Schlass. Interesséierter si gebieden, sech entweder iwwert d’Telefonsnummer 99 46 96 1 oder iwwert d’E-Mailadress secretariat@wincrange.lu am Viraus unzemellen.