D’Police kéint de provisoresche Camp ënnert dem Pont Adolphe opléisen

Knapp zwou Woch ass et hier, datt e puer jonk Asyldemandeuren ënnert dem Pont Adolphe an der Stad hir Zelter opgeschloen haten, well si den Ament keng Plaz an den Accueil-Strukture kréien. E Freide war et nach eng hallef Dosen, confirméiert d‘Direktesch vun der ASBL Passerell, déi juristeschen an administrative Bäistand am Asylrecht leescht.

Radio 100komma7 , 7. November 2023