Fir den Accueil an de Grëff ze kréien, muss méi zesummegeschafft ginn

27. November : Invité vum Dag op RTL radio : de Familjeminister Max Hahn

Migratioun an Accueil goufen, op Wonsch vum Premierminister Frieden, tëscht de Koalitiounspartner opgedeelt. Dat sot de Familljeminister Max Hahn e Méindeg de Moien am RTL-Interview. Den DP-Politiker behält de Familljeministère, ass elo awer och zoustänneg fir den Accueil vu Refugiéen. Et soll op jiddwer Fall mam CSV-Inneminister Léon Gloden zesummegeschafft ginn. Zesumme waren déi zwee Minister sech um Terrain och e Bild vun de Foyeren vum ONA, dem Office National de l’Accueil, maachen. Dat wier e ganz emouvanten Androck gewiescht, esou de Max Hahn, virun allem d’Kanner ze gesinn, déi do liewen.