Votre panier

Flüchtlingsrot fuerdert

A Krisesituatioune soll Familljeregruppement méi einfach méiglech sinn
Fanny Kinsch|Update: 19.03.2024 14:01   RTL radio
RTL

De Flüchtlingsrot fuerdert, datt d’Regierung et a Krisesituatioune méi einfach mécht, fir Familljemember vu Residenten op Lëtzebuerg ze bréngen.

Am Journal en Dënschdeg de Moien hu mir iwwert de Parcours vun enger lëtzebuergesch-palästinensescher Koppel bericht, déi 20.000 Dollar bezuelt hunn, fir 4 Familljemember aus der Gazasträif eraus ze kréien.

Flüchtlingsrot fuerdert méi einfach Familljeregruppementer – Rep. Fanny Kinsch

Ënnert de Familljemember ass och d’Schwëster vun der Fra, fir déi de Regroupement familial an der Reegel net a Fro kéim.  De Flüchtlingsrot fuerdert awer, datt de Familljeregruppement a Krisesituatioune méi flexibel applizéiert gëtt. D’Familljemember missten e provisoreschen Openthalt kënne kréien, esou d’Laura Zuccoli aus dem Sekretariat vum Flüchtlingsrot. Et bréicht een an esou Situatioune manner bürokratesch Léisungen, och well et a Krichssituatioun schwiereg wier déi néideg Beweiser ze sammelen, datt d’Familljemember finanziell vun engem ofhängeg sinn.

“Dat wär eng humanitär Decisioun, déi een natierlech besser hätt ze verankeren an engem Gesetz, mee déi awer erlaabt, op eng flexibel an onbürokratesch Aart a Weis, fir dass Leit aus verschiddene Krichsgebidder, hei ass elo d’Beispill Gaza, mee dat sinn och aner Plazen, wou dat de Fall ass, wou een da kann op ganz bestëmmte Krittären d’Leit, déi aus deene Gebidder kommen, déi a Liewensgefor sinn, kann op Lëtzebuerg brénge bei Familljen, déi hei liewen, déi hei schaffen, déi fir si dann och opkommen.”

Am Fall vun deem mir en Dënschdeg de Moie bericht hunn, an deem d’Famill mëttlerweil an Ägypten ass, géing dat hinnen erlaben, mat engem normale Vol op Lëtzebuerg ze kommen. Et misst een awer och gesinn, datt et eng Ausnam wier, datt Leit sou vill kënne bezuelen, fir hir Famill z’evakuéieren. An den Ae vum Flüchtlingsrot misst d’Lëtzebuerger Regierung an Zesummenaarbecht mat der UNO Efforte maachen, fir Leit mat Famill zu Lëtzebuerg z’evakuéieren.

“Dass mer dann awer déi Leit éischtens identifizéieren. Dat ass jo méiglech. Zweetens, hei war jo och de Problem mam Pass. Do kann een en Document de voyage ausstellen als Lëtzebuerg. Dat ass méiglech, dat ass virgesinn, an dass een dann eeben effektiv kuckt, dass een deene Leit mat engem Document de voyage, mat engem Visa humanitaire d’Méiglechkeet gëtt, éischtens erauszekommen an zweetens da vun Ägypten aus normal op Lëtzebuerg awanderen am Kader vun engem Regroupement familial.”

De Flüchtlingsrot hat am Februar schonn an engem Bréif un den Inneminister Léon Gloden gefuerdert, datt der exzeptioneller Situatioun a Gaza Rechnung gedroe gëtt. Dorobber hätt een awer keng Äntwert kritt. No de schwéieren Äerdbiewen an der Tierkei virun engem Joer hätt een en änleche Bréif un den deemolegen Ausseminister Asselborn geschéckt, och do hätt ee keng Äntwert kritt.