Votre panier

Integréieren, geréieren oder ënnert den Teppech kieren?

Commentaire vum Monica Camposeo  RTL 12 Dezember 2023
RTL

Den Accueil an d’Integratioun vu Refugiéë war en Dënschdeg Thema an der Chamber. A méi klenge Strukture sollen d’Leit besser hei am Land kënne Fouss faassen. Duerch Aarbecht a Sproochecoursë soll d’Integratioun besser geléngen. An der Theorie kléngen d’Proposen net schlecht, fënnt d’Monica Camposeo am Commentaire. Mee wéi gesäit et um Terrain aus?

Commentaire vum Monica Camposeo

Den Ament gesäit et um Terrain esou aus, dass am – dach räiche – Lëtzebuerg Leit an Zelter ënner Brécke liewen oder jorelaang an Accueil-Strukturen, déi net renovéiert ginn. Wou d’Duschen an d’Toiletten am Haff sinn. Kanner, déi mat “eisen” Kanner an d’Schoul ginn, schlofe mat hiren Elteren a Geschwëster an engem Raum a maachen hir Hausaufgaben um Bett. Et si Parallelwelten, vun deenen déi meeschte Leit, ech erlabe mer ze soen déi meeschte Wieler a Wielerinnen an hirem Alldag näischt matkréien.

Méi kleng Strukturen uechter d’Land verdeelen, esou wéi déi nei Regierung et virgesäit, ass e wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Deelhuelen um Gemengeliewen. Am Veräin, an der Schoul oder op der Aarbecht an a Sproochecoursë séier an einfach Lëtzebuergesch léieren. Dat ass d’Ideal-Virstellung. Doduerch kënnen d’Leit, wa si de Statut als Bénéficiaire de Protection Internationale, also BPI, hunn, hei am Land richteg Fouss faassen a sech verwierklechen. Dat sinn alles gutt Pisten, gutt Intentiounen. Wéi d’Oppositioun et ugemierkt huet, bleift awer d’Fro, wéi d’Gemengen dann elo sollen an d’Boot geholl ginn, ganz fräiwëlleg wuelverstanen. Et ass jo net, wéi wann dat an der Vergaangenheet net scho probéiert gi wier. Geet den Opruff eleng iwwerhaapt duer? Dass de Minister de Fokus op méi kleng Strukture leet, kéint eventuell den Ënnerscheed maachen.

Also – nach emol – den Appell un d’Gemengen: Maacht mat! Integratioun klappt nëmmen an Zesummenaarbecht. Wie verhënnere wëll, dass an e puer Joer e Verdeel-System mat Quote pro Gemeng kënnt, vun uewen erof, an d’Situatioun dann nach vill méi ugespaant ass, sollt elo handelen. Et ass irresponsabel, d’Problematik weider ewechzedrécken, aner Acteuren oder Nopeschgemengen ze responsabiliséieren. Virun allem Gemengen, déi ënnert der DP- oder der CSV-Leedung sinn, kënne sech elo wierklech net méi aus der Responsabilitéit zéien. Et geet net méi duer, Leit opzehuelen an hinnen en Ënnerdaach ze ginn. Fir e gutt Zesummeliewe brauchen d’Leit Perspektiven. Vum schwéieren, bis onméiglechen Accès op de Logementsmarché schwätze mer guer net. Dat ass en anere Chantier. Ma et wier schonn eng immens Verbesserung, wann d’Leit duerch Aarbecht oder Formatiounen en Zil virun Aen hätten. Do kéint déi ugekënnegt Mesure vum méi einfachen Accès op den Aarbechtsmaart e positiven Impakt hunn. Eng Motivatioun fir d’Refugiéen, hiert Liewen an d’Hand ze huelen. Den Ament ass et nämlech éischter esou, wann ee mat betraffe Leit schwätzt, dass si d’Gefill hunn, hiert Liewe wier an anere Leit hiren Hänn.

Lëtzebuerg kann net dat opfänken, wat aner EU-Länner net méi maachen. E Saz, deen an Zesummenhang mam Accueil vu Refugiéen dacks fält. E Saz, deen och den zoustännege Minister Max Hahn scho genannt huet. Ech soen net, dass dat falsch ass! Mee Fakt ass och, dass d’Leit hei sinn. An et ass och eng Realitéit, dass déi allermeescht BPIen zu Lëtzebuerg wäerte bleiwen. Elo entscheede mir – d’Regierung, d’Gemengen, d’Benevollen a ganz allgemeng d’Awunner – wat mir fir eis Zukunft wëllen. Wéi mir mat Leit ëmginn, déi schonn hei sinn. Déi mir net all Dag gesinn, mee déi de facto schonn Deel vun eiser Populatioun sinn. D’Parallelwelt vun dëse Leit riskéiert nämlech, ëmmer méi grouss ze ginn, ëmmer méi aarm an de berüümten Ecart gëtt ëmmer méi grouss. Bemol ass et net méi esou, dass d’Wieler an d’Wielerinnen an hirem Alldag net concernéiert sinn. Wann den Aarmutsproblem an d’Inegalitéite méi grouss ginn, wäert jiddereen et matkréien.

Wien also elo weider blockéiert – egal ob Gemengen, Regierung oder Biergerinitiativen – hëlt a Kaf, dass d’Situatioun sech verschäerft. A wann d’Immigratioun dann a 5 Joer Walkampfthema ass, kënnen déi Responsabel wierklech net méi mam Fanger op déi aner weisen.