Votre panier

Jonker géint Rassismus

“Näischt maachen, ass ëmmer falsch”

RTL Monica Camposeo|Update: 05.01.2024 15:36
RTL

D’ALDIC fokusséiert sech beim Projet “Building Together a strong and inclusive society” op Jonker, mee net nëmmen.

Net handelen, wann ee Rassismus bemierkt, ass ëmmer falsch. Dat ass ee vun de Messagen, deen déi 18 Jonker an de Workshoppe vum Projet “Building Together a strong and inclusive society” mat op de Wee kruten. D’Associatioun fir den interkulturellen Dialog (ALDIC) wëll mat dësem Projet jonk Leit stäerken, fir dass si och selwer kënne reagéieren, wa si Zeie vu Rassismus oder Diskriminatioune ginn. D’Monica Camposeo huet d’Organisateuren an zwou Participanteë getraff.

Schonn an der Kandheet ka sech d’Inês Abrantes Severino u Momenter erënneren, déi esou net an der Rei waren. Fäll vun Diskriminatioun, déi déi jonk Studentin deemools net direkt anuerdne konnt. Och d’Ghislaine Doria Nouemsi Kamsu wollt genee dowéinst beim Projet matmaachen. Haut, no der Formatioun, fille sech déi zwou jonk Frae vun Enn 20 gestäerkt a prett, fir och mol fir aner Leit anzestoen.

De Mohamed Lamine Oumar Bangoura ass Assistent vum Projet, huet awer selwer och deelgeholl. Fir hie war et wichteg, och de legale Kader kennenzeléieren. E méi techneschen Aspekt, deen awer ka wichteg sinn. Zum Beispill kruten d’Participantë wärend dem Projet “Building Together” och erkläert, a wéi enge Fäll eng Plainte méiglech ass a wéi dëse Schratt fonctionéiert.

Opklären eleng ass awer net d’Zil vun der ALDIC, déi de Projet lancéiert huet. Vill méi geet et dorëms, déi Jonk ze stäerken, fir dass si aktiv kënnen handelen.

D’Inês Abrantes Severino geet an d’Schoulen ersetzen a wëll och bei de Kanner déi nei Erfarungen uwennen. Dacks géing d’Studentin bemierken, dass net ëmmer kloer ass, wéini eng Grenz iwwerschratt gëtt. Dowéinst wier et wichteg, op der enger Säit Grenzen opzeweisen, mee och ze erklären, wisou eng Ausso ka blesséieren.

Zum Schluss vun der Formatioun hunn d’Participanten Aktiounsgruppen organiséiert, fir dës Erfarung u Familljemember oder Frënn weiderzeginn. D’ALDIC fokusséiert sech beim Projet op Jonker, mee net nëmmen, erkläert d’Lindita Redjepi. Si ass déi Responsabel vum Projet: “Mir si ganz begeeschtert, Formatioune fir interesséiert Mataarbechter vun de Gemengen unzefänken. Esou wéi och fir d’Sozialaarbechter a Professioneller, déi mat Jonke schaffen.”

D’Ghislaine, d’Inês an de Lamine hunn hir Formatioun ofgeschloss. Ma de Projet geet dëst Joer an déi zweet Ronn. Souwuel fir Jonker, déi sech fir de Sujet interesséieren, wéi och fir déi Professionell aus de Gemengen an de soziale Servicer.