Zesummenaarbecht mat zivilgesellschaftlechen Acteuren

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: Politesche Wëllen ass do

​​​​​​​De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot huet sech haut mam Minister fir d’Famill an den Acceuil, dem Max Hahn an dem Innenminister Léon Gloden getraff. Et hätt ee ganz positiv festgestallt, datt de politesche Wëllen do wier, fir mat den zivilgesellschaftlechen Acteuren ze kooperéieren, esou d’Marion Dubois, Direktrice vun der asbl Passerell.

 
Déi betraffe, sougenannten Dubliner, hu viru puer Wochen an Zelter ënnert der Bréck geschlof, well se net Hebergementsstrukturen ënnerkoumen.
D’Marion Dubois bedauert awer, datt déi sougenannten Dubliner, déi allengreesende Männer, déi an engem anere Land eng Asyldemande gestallt hunn, nach weiderhin wéinst Plazmanktem op eng Waardelëscht wäerte kommen, éier se an den Hebergementsstrukturen ënnerkommen.

Par contre ils nous ont aussi avoué qu’ils, à demi-mot, qu’il n’y aurait pas de résolution du problème de la liste d’attente de ces hommes seuls à la rue du jour au lendemain. Ça reste inquiétant et je sais et je vais le répéter, c’est un non-respect des engagements du Luxembourg, un non-respect des droits humains qui est très important sur lequel il n’a pas une prise de position pour faire changer les choses dans l’urgence.

Et géif ee sech an Zukunft dann och méi regelméisseg mat de concernéierte Ministere gesinn. Déi ware bis ewell nach net fir eng Konfirmatioun ze erreechen. Wéini déi nächst Reunioun wier, ass awer nach net gewosst, erkläert d’Marion Dubois.