D’Chamber gëtt degradéiert
Fräie Mikro 100,7
Frank Wies 11 Juni 2026
Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock an der Chamber gestëmmt, woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen. Dat ass net nëmme problematesch fir d’Roll vun eisem Parlament, mee och allgemeng fir d’Glafwierdegkeet vun den demokrateschen Instanzen, mengt de Frank Wies.
En Zäitdrock, dee selwer geschaf gouf
D’Realitéit gesäit leider oft anescht aus. Dat lescht Beispill war d’Ofstëmmung dës Woch iwwer d’Reform vun der Asylpolitik. Dës geet zeréck op e Pak vu Mesuren, déi um Niveau vun der Europäescher Unioun schonns 2024 ugeholl gouf an dee bis muer, den 12. Juni, an dat nationaalt Recht muss ëmgesat ginn.
D’Regierung huet awer bis Februar dëst Joer gewaart, ier si den éischte vun zwee Texter der Chamber virgeluecht huet. Den zweete gouf esou guer eréischt Enn Abrëll vum Familljeminister agereecht. Manner wéi zwee Méint ier den Ultimatum fir d’Ëmsetzen ofleeft.
All Demandë vun der Oppositioun fir méi Zäit ze kréien déi Texter ze analyséieren, gouf verworf mam Argument, dofir wier et ze spéit. En Zäitdrock, deen een awer selwer geschaf hat, andeems een eréischt op de leschte Stëppel d’Chamber saiséiert huet.
Just e Virwand?
De vermeintlechen Zäitdrock gouf och an der Lescht vun der Gesondheetsministesch am Zesummenhang mat der Reform vum Infirmiersberuff als Virwand benotzt, fir all Ännerung un hirem Text virum Vott ze refuséieren. Obwuel si d’Kritik vun der ANIL, dem betraffenen Beruffsverband, deelweis kéint verstoen, géif eng europäesch Deadline verhënneren, den Text nach ze änneren. Et kéint een awer am Hierscht d’Gesetz nach eng Kéier iwwerschaffen.
D’Parlament wäert also e Gesetz stëmmen, wat esou schlecht ass, datt et e puer Méint nom Vott nees muss op de Leescht geholl ginn.
Well zu Lëtzebuerg Deputéierte vun de Majoritéitsparteie vun alle politesche Faarwen sech virun allem als Affekot vun der Regierung gesinn, gëtt d’Chamber esou op d’Roll vun enger Registréierkeess vun de Regierungstexter reduzéiert.
De Staatsrot
Déi eenzeg Instanz mat reellen Afloss bleift dobäi nach de Staatsrot, besat aus net gewielten Experte mat politeschem Stallgeroch. Well dësem sengen Avise gëtt Rechnung gedroen a wann e Projet vun der Regierung virum Vott an der Chamber nach geännert gouf, da meeschtens, well de Staatsrot a sengem Avis eng sougenannten « Opposition formelle » zu bestëmmte Mesuren ugekënnegt hat.
D’Membere vum Staatsrot sinn awer keng gewielte Volleksvertrieder, déi musse Rechenschaft ofleeën, an déi de Wieler ka sanktionéieren, wann hie mat hirer Aarbecht net zefridden ass.
De selwechte Wieler, deem säi Vertrauen an d’Demokratie an hir Institutiounen anscheinend ëmmer manner gëtt.
D’Glafwierdegkeet ënnergruewen
Wann een dat Vertrauen nees wëllt erëm gewannen, da misst ee mol ufänken, d’Parlament als Institutioun ze respektéieren an him erméiglechen, déi Roll ze spillen, déi him d’Verfassung reservéiert.
An dat gëllt net nëmme fir d’Regierung, mee och fir déi Deputéiert vun de Majoritéitsparteien. Wann si de respektlosen Ëmgang vun der Regierung mat der Chamber net nëmmen toleréieren, mee en och nach verteidegen, dann ënnergruewe si selwer d’Glafwierdegkeet vun der parlamentarescher Demokratie.