“Black lives matter” – och zu Lëtzebuerg?

“Black lives matter” ass de Motto vun der Beweegung, déi schonn 2013 an den USA nom Doud vum Trayvon Martin duerch Policegewalt entstanen ass.

Wéi vill ziele schwaarz Liewen zu Lëtzebuerg? Dat war eng vun de Froen, déi an der Emissioun Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg diskutéiert gouf.

“Déi Leit, déi engem soen, datt et zu Lëtzebuerg kee Rassismus gëtt, dat sinn dacks déi, déi net dovunner betraff sinn.” Dat seet d’Jana Degrotte, eng jonk Politikerin a Matgrënnerin vu “We belong Europe”. Si pocht drop, datt ee léiere muss, déi Concernéiert ze froen.

D’Sandrine Gashonga huet gehollef “Lëtz Rise up” ze grënnen an huet déi rezent Anti-Rassismus-Manifestatioun zu Lëtzebuerg mat organiséiert. Si ënnersträicht, datt et net duer geet, fir ze soen, datt d’Situatioun an anere Länner méi schlëmm ass, wéi bei eis. Et misst een net waarde bis et Doudeger ginn, fir ze realiséieren, datt et strukturelle Rassismus op der Welt an och zu Lëtzebuerg gëtt.

Den Andy Schammo sot, datt hie sech als jonke wäisse Mann am Grand-Duché privilegéiert fillt, zu Onrecht awer wéi hien ënnerstrach huet. Hien hätt awer a sengem Liewe gemierkt, datt hien e ganze Koup Privileegien huet an datt him eng ganz Partie Diere wéinst senger Hautfaarf a sengem Geschlecht opstoungen. Dieren, déi fir Leit mat enger anerer Hautfaarf, engem anere Geschlecht oder enger anerer sexueller Orientéierung vu vireran zou gewiescht wieren.

Eis Invitéë waren

Sandrine Gashonga

– Matgrënnerin “Lëtz Rise Up”

– Organisatrice Anti-Rassismus-Maniff

Mirlene Fonseca  Monteiro

– Member vu Finkapé

– Mécht hir Masteraarbecht iwwer Kapverdianesch Communautéit

Jana Degrott

– Politikerin / Aktivistin / Matgrënnerin  “We belong Europe”

– Studéiert Droit

Regis Moes

– Historiker  / Conservateur MNHA

– huet iwwer Lëtzebuerger am belsche Kongo gefuerscht

Andy Schammo

– Studéiert Erzéiungswëssenschaften

– Engagéiert sech fir méi Diversitéit