Kritike vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot

D’lescht Woch hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) op enger Pressekonferenz eng Rei Kritike formuléiert. Op Eenzeler dovun huet den Immigratiounsminister Jean Asselborn via Communiqué reagéiert. Et geet dobäi haaptsächlech ëm d’Situatioun vun deenen zwou Kategorië vu Flüchtlingen, déi entweder am Centre de rétention um Findel oder an der Structure d’Hébergement d’Urgence (SHUK) um Kierchbierg drop waarden, aus dem Land verwisen ze ginn. Mee och zum Thema Integratioun vu Flüchtlingen huet den LFR Aussoe gemaach. En Dossier vum Maurice Molitor.

27. Mäe 2018 – 07:20

100komma7