SHUK an Ursachen …

RTL télé huet an 3 Episoden den SHUK (Structure d’Hébergement d’Urgence Kirchberg) an t’Ursachen vun der Flucht thematiséiert

Serie Flüchtlingen (1/3): Lëtzebuerg net esou erwaart

21.12.2017
No engem laange Leidenswee koum e jonke Journalist op Lëtzebuerg. Ma hei koum hien net an eng normal Flüchtlingsstruktur, mä an d’SHUK, fir hien e Prisong.

Serie Flüchtlingen (2/3): 50 Prozent vu Leit kommen net erëm

22.12.2017
Männer, déi no den Dublin-Prozedure Lëtzebuerg musse verloossen, ginn an der SHUK, structure d’hébergement d’urgence du Kirchberg, ënnerbruecht

Serie Flüchtlingen (3/3): Europa muss d’Ursaache bekämpfen

23.12.2017
Et ass un Europa, fir d’Verantwortung z’iwwerhuelen an d’Ursaache vun der Flucht ze bekämpfen, seet de fréieren Diplomat Jean Feyder.