Portugisen am meeschte vun Aarmut betraff Laura Zuccoli, carte blanche RTL 19.12.2024
Portugise gehéieren zënter Joerzéngten zu eiser Lëtzebuerger Gesellschaft. Si hunn als Aarbechtervollék wesentlech zum Räichtum vun eisem Land bäigedroen, mee hunn an dëse Krisenzäite besonnesch mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen. Firwat? Dat freet d’Mënscherechtsaktivistin Laura Zuccoli.